Clint Eastwood

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Clint Eastwood

De Clint Eastwood ass en US-amerikanesche Schauspiller, Filmregisseur, Produzent, Komponist a Politiker. Hie gouf den 31. Mee 1930 als Clinton Eastwood Jr., Jong vun der Francesca Ruth Runner an dem Clinton Eastwood Sr. zu San Francisco, (Kalifornien) an den USA gebuer.

Inhaltsverzeechnes

Privatliewen [änneren]

Dem Clint Eastwood seng Famill huet schottesch, iresch, hollännesch an englesch Wuerzelen. Seng Kandheet huet hien an der Bucht vun Oakland verbruecht. Säi Papp war Comptabel (eenzel Quelle soen och Stolaarbechter), deen an der amerikanescher Depressiounszäit an den 30er Joren seng Aarbecht verluer huet. Hien huet sech du mat senger Famill un der Westküst duerchgeschloen an op Tankstelle geschafft.

De Clint huet 10 verschidde Schoule besicht. A senger Jugend huet hien als Bëschaarbechter am Oregon, als Aarbechter an engem Stolwierk, als Schwammmeeschter, op Tankstellen an als Magasinier am Ersatzdeellager vu Boeing zu Seattle geschafft. 1950 ass hien an d'Arméi agetrueden an huet 2 Joer Militärdéngscht gemaach. Nom Militärdéngscht huet hien de Los Angeles City College besicht.

De Clint Eastwood war zweemol bestuet. Hien huet néng Kanner (fënnef Meedercher a véier Jongen) an dat vu fënnef verschiddene Fraen.

1953 huet hien d'Maggie Johnson bestuet (e Bestietnes dat bis 1978 gehalen huet) an hat mat hir 2 Kanner: (Kyle *1968 an Alison *1972).

1960 huet hien d'Roxanne Tunis kennegeléiert mat där hien eng laangjähreg Affaire hat. De 17. Juni 1964 gouf hir Duechter Kimber gebuer.

1978 léisst hie sech vu senger éischter Fra Maggie Johnson scheeden. E lieft 15 Joer laang (vun 1975 bis 1990) mat der Schauspillerin Sondra Locke zesummen.

Carrière beim Film [änneren]

Ufank [änneren]

Schonn 1954 huet de Clint Eastwood säin éischte Filmvertrag bei Universal ënnerschriwwen (fir 75 Dollar d'Woch), mä hien ass laang Zäit net iwwert de Statistestatus erauskomm. Säin éischten Optrëtt huet hien 1955 an "Revenge of the Creature". Mee a ville Filmer muss ee scho ganz genee hikucke wann een e net verpasse wëllt, z. B. als Bomberpilot an Tarantula. Während där Zäit muss hien dacks op dat auswäichen wat en tëscht der Schoul an am Militär geléiert huet: Piscine botzen an als Schwammmeeschter schaffen.

Seng Filmrollen sinn ëmmer méi kleng ginn a schliisslech war hien frou wéi hien 1959 eng Haaptroll an enger Televisiounsserie kritt huet: Deen naiven an onerfuerene Rowdy Yates an der Serie Rawhide, déi duerno zimlech erfollegräich ginn as. Vun 1958 bis 1965 huet hien hei deen zweete Mann nieft dem Trekker Gil Favour (Eric Fleming) op engem Véidriff gespillt, deen ënnerwee ëmmer erëm opgehale gouf.

An der leschter Staffel huet den Eastwood d'Haaptroll iwwerholl, et sollt awer säin Äddi vun der Tëlevisioun sinn.

Vun 1964 bis 1970 [änneren]

De Regisseur Sergio Leone huet en amerikaneschen Acteur fir säi Film Per un pugno du dollari gesicht. Den Henri Fonda an de James Coburn ware fir de Budget vum Film awer ze deier, an dunn huet de Sandalefilmschauspiller Richard Harrison dem Leone de Clint Eastwood virgeschloen.

Dem Leone säi bëlleg produzéierten Western ass an Europa zu engem sensationellen Erfolleg ginn, an huet domat e richtege Boom fir Italo-Western augesléist. De Clint Eastwood, deen d'Haaptroll als wéineg gespréichegen, "coolen" Kappgeldjéeer, gespillt huet an éiweg en Zigarillo am Mondwénkel hat (wéi hie selwer an engem Interview gesot huet ass him am Ufank bal schlecht ginn dovun), huet domat de Grondsteen zu senger Carrière an och zu sengem Image geluecht. 1965 a 1966 huet hien dunn och d'Haaptroll am Leone senge Filmer Per qualche dollaro in piu,an Il buono, il brutto, il cattivo gespillt.

1968 geet den Eastwood zréck op Hollywood, wou hien a verschiddene Filmer weider säin Image als Revolverheld respekiv "grousen Haarde" fleegt wéi z. B. an Hang 'em high (1968) oder Kelly's Heroes (1970).

Vun 1971 bis an d'80er [änneren]

1971 ass dem Clint Eastwood zu Hollywood deen endgültegen Duerchbroch gelongen. Ënner der Regie vum Don Siegel hat hien d'Haaptroll als Harry Callahan am Film "Dirty Harry". A senger Filmroll spillt hien en Inspekter dee mat zimlech zweifelhafte Methoden (no beschter Wild-West-Manéier) op Verbriecherjuegt geet. Den "Dirty Harry" gëtt eng Aart Kult-Figur. Am selwechte Joer dréint den Eastwood och säin éischte Film als Regisseur, de Psycho-Thriller Play Misty for Me.

Als Action- a Westernheld zielt den Eastwood bis an d'80er Joren zu de weltwäit populärste Filmschauspiller. E spillt nach e puer Mol d'Roll vum Inspecter Harry Callahan an ass an Action-Filmer wéi "Thunderbolt and Lightfoot" (1974) oder "The Gauntlet" (1977) erfollegräich.

Parallel zu senger Carrière als Acteur profiliéiert sech de Clint Eastwood och als Filmregisseur. Hien dréint Filmer, wéi The Outlaw Josey Wales, e Western (1976) oder Bird, d'Biographie vum Jazz-Museker Charlie Parker.

1986 gëtt den Eastwood Buergermeeschter zu Carmel-by-the-Sea. Op der Lëscht vun de Republikaner hat hien 72% vun de Stëmme krut. No 2 Joer huet hie seng Demissioun ginn.

1993 spillt en am Thriller In the Line of Fire een FBI-Agent deen an den Alter komm as.

1992 fënnt e mat dem Western "Unforgiven" d'Unerkennung vun Hollywood a kritt als Regisseur a Produzent vum Film säin éischten Oscar. Fir säi Wierk als Produzent gëtt en 1994 mam Irving G. Thalberg Memorial Award ausgezeechent.

1995 ass den Eastwood Regisseur an Haaptduersteller, nieft der Meryll Streep, an der melancholescher Libesgeschicht "The Bridges of Madison County" .

Den 29. Februar 1996 kritt e vum American Film Institute (AFI) de Live Achievement Award fir säi Liewenswierk als Schauspiller, Regisseur a Produzent.

Zënter 1993 ass den Eastwood nëmme nach ënner eegener Regie am Kino ze gesinn. En dréint Thriller wéi "Absolute Power" (1996) oder "Blood Work (2002). 2003 kann hien als Regisseur vum däischteren Drama "Mystic River" bei de Filmkritiker e groussen Erfolleg verbuchen.

2005 ass en de grousse Gewënner vun der Oscar-Verdeelung a kritt fir säi Boxer-Drama "Million Dollar Baby säin 2. Regie-Oscar.

Filmer als Schauspiller [änneren]

Kino [änneren]

Televisioun [änneren]

  • Rawhide - Serie (1959 - 1966) (217 Episoden)

Filmer als Regisseur [änneren]

Kino [änneren]

Televisioun [änneren]

Filmer als Komponist [änneren]

um Spaweck [änneren]

Commons: Clint Eastwood – Biller, Videoen oder Audiodateien