Buergermeeschter

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Buergermeeschter (de: Bürgermeister, fr: bourgmestre) an de lëtzebuergesche Gemenge gëtt vum Groussherzog ënnert de Lëtzebuerger Membere vum Gemengerot fir e Mandat vu sechs Joer ernannt, op Virschlag vun der Majoritéit vun de Membere vum Gemengerot. Dat Mandat ka widderholl ginn. De Buergermeeschter gëtt zu Lëtzebuerg also ni vun de Bierger gewielt, weder direkt nach indirekt.

De Buergermeeschter spillt am Schäfferot an am Gemengerot vun der Gemeng eng primär Roll. E suergt vir d'Ausféiere vun de Policegesetzer a -reglementer. Dozou zielt och d'Bautereglement. De Buergermeeschter gëtt (oder refuséiert) am Prinzip d'Baugeneemegungen. En iwwerwaacht d'ëffentlech Sécherheet, den ëffentleche Regëster an en ass Officier de l'état civil (Standesbeamten). Déi zivil Hochzäit gëtt virum Buergermeeschter oder sengem Remplaçant gefeiert.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gemeng Nuvola apps xmag.png   Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schäfferot Nuvola apps xmag.png

[änneren] Kuckt och

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen