Klaus Kinski

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Klaus Kinski

De Klaus Kinski (eigentlech: Nikolaus Günther Nakszynski), gebuer den 18. Oktober 1926 zu Zoppot (haut: Sopot a Polen) a gestuerwen den 23. November 1991 zu Lagunita a Kalifornien, war en däitsche Schauspiller.

E gouf duerch seng Recitale vum François Villon a vum Rimbaud bekannt. En ass besonnesch duerch seng Optrëtter bei deenen hien aus dem Neien Testament gelies a gespillt huet, opgefall .

De groussen Duerchbroch koum mat den däitschen Edgar Wallace Filmer.

An den Italo-Western huet hie mat Virléift de brutale Béise gespillt, do sief haaptsächlech emol Il grande silenzio ernimmt.

Seng bescht a schéinst Rollen huet e beim Werner Herzog gespillt. De Kinski an den Herzog hu sech zerstridden, gehaasst an hunn awer ëmmer erëm zesumme geschafft, a Filmer wéi Aguirre, der Zorn Gottes oder Fitzcarraldo. Iwwer hiert Verhältnes huet den Herzog souguer en Dokumentarfilm gedréint, Mein liebster Feind.

Filmer[änneren | Quelltext änneren]

als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

vun 1948 bis 1959[änneren | Quelltext änneren]

vun 1960 bis 1969[änneren | Quelltext änneren]

vun 1970 bis 1979[änneren | Quelltext änneren]

no 1980[änneren | Quelltext änneren]

als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kinski Paganini (1989)

als Dréibuchauteur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kinski Paganini (1989)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Klaus Kinski – Biller, Videoen oder Audiodateien