Helmut Qualtinger

Vu Wikipedia
Helmut Qualtinger
Gebuer 8. Oktober 1928
Wien
Gestuerwen 29. September 1986
Wien
Doudesursaach Liewerzirros
Nationalitéit Éisträich
Educatioun Universitéit Wien
Aktivitéit Schrëftsteller, Journalist, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Kabarettist, Televisiounsschauspiller
Famill
Bestuet mat Vera Borek

Den Helmut Qualtinger, gebuer als Helmut Gustav Friedrich Qualtinger den 8. Oktober 1928 zu Wien an och do gestuerwen den 29. September 1986, war en éisträichesche Schauspiller, Schrëftsteller a Kabarettist.

Hien huet a bekannte Filmer wéi Die schöne Lügnerin (1959) vum Axel von Ambesser mat der Romy Schneider, Der Richter und sein Henker (1975) vum Maximilian Schell nom Roman mam selwechten Numm vum Friedrich Dürrenmatt an The Name of the Rose (1986) vum Jean-Jacques Annaud nom Roman Il nome della rosa vum Umberto Eco matgespillt.

Hien hat och eng Nieweroll am Film König der Manege vum Ernst Marischka mam Rudolf Schock an der lëtzebuergescher Schauspillerin Germaine Damar an den Haaptrollen.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Helmut Qualtinger – Biller, Videoen oder Audiodateien