Romy Schneider

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Romy Schneider 1971

D'Romy Schneider, eigentlech Rosemarie Magdalena Albach, gebuer den 23. September 1938 zu Wien, a gestuerwen den 29. Mee 1982 zu Paräis, war eng däitsch Schauspillerin.

D'Romy Schneider ass d'Duechter vun de Schauspiller Magda Schneider a Wolf Albach-Retty

1953 huet sie hir éischte Roll am Film Wenn der weiße Flieder wieder blüht gespillt. Mat dem Film Sissi geléngt dem Romy Schneider den Durchbroch am Kino. Dëse Film léisst si net méi lass an dat besonnesch an Däitschland. D'Romy Schneider kämpft fir deem Stempel vum séisse, brave Meedchen lass ze ginn.

An Däitschland war hir Carrière Enn der 50er Joren un engem Déifpunkt ukomm. D'Rettung koum aus Frankräich. D'Romy huet bei engem Film den Alain Delon kenne geléiert. Mat deem huet se ënner der Regie vum Luchino Visconti zu Paräis Theater gespillt. Si krut Filmrollen ugebuede vum Visconti (Boccaccio 70) a vum Orson Welles (Le procès).

Mat hirer Carrière goung et da biergop, an a Frankräich huet d'Romy sech zu enger grousser Schaupillerin entwéckelt. Si gouf ee vun de Stare vum franséische Film, dat besonnesch durch d'Filmer vum Claude Sautet.

Ugangs den 80er Joren huet d'Romy sech enger schwéierer Operatioun missen ënnerzéien. Hire Jong ass duerch en trageschen Accident em d'Liewe kom. Vun deene Schicksalschléi huet si sech net méi erholl, an si ass am jonken Alter vun 43 Joer un Herzversoe gestuerwen.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Filmer

D'Graf vun der Romy Schneider um Kierfecht zu Boissy-sans-Avoir

[änneren] Dokumentarfilmer iwwer d'Romy Schneider

[änneren] Gielercher

[änneren] Literatur

[änneren] Um Spaweck


Commons: Romy Schneider – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen