Jack Lemmon

Vu Wikipedia
Jack Lemmon
Gebuertsnumm John Uhler Lemmon III
Gebuer 8. Februar 1925
Newton
Gestuerwen 27. Juni 2001
Los Angeles
Doudesursaach Blosekriibs
Nationalitéit USA
Educatioun Harvard Universitéit,
Phillips Academy,
HB Studio
Aktivitéit Filmschauspiller, Filmregisseur, Charakterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schauspiller, Televisiounsmoderateur, Theaterschauspiller, Museker, Komiker
Famill
Bestuet mat Cynthia Stone, Felicia Farr
Kanner Chris Lemmon

Den John Uhler "Jack" Lemmon III, gebuer den 8. Februar 1925 zu Newton, Massachusetts, a gestuerwen de 27. Juni 2001 zu Los Angeles, Kalifornien, war en US-amerikanesche Schauspiller a Museker.

Hien hat an iwwer 60 Filmer d'Haaptroll, dorënner Some Like It Hot, The Apartment, Mister Roberts (Oscar fir déi bescht Nieweroll), Days of Wine and Roses, The Great Race, Irma la Douce, The Odd Couple, Save the Tiger (1973 Oscar fir de beschte Film), The Out-of-Towners, The China Syndrome, Missing (beschte Schauspiller 1982 um Filmfestival zu Cannes Film), Glengarry Glen Ross, Grumpy Old Men a Grumpier Old Men.

Hien huet an deene Filmer ë. a. mat weibleche Stare wéi Marilyn Monroe, Natalie Wood, Betty Grable, Janet Leigh, Shirley MacLaine, Romy Schneider, Doris Day, Kim Novak, Judy Holliday, Rita Hayworth, June Allyson, Virna Lisi, Ann-Margret a Sophia Loren zesumme gespillt. Hie war e gudde Frënd vun de Schauspiller Tony Curtis, Ernie Kovacs, Walter Matthau, a Kevin Spacey. Mam Curtis huet hien an zwéi Filmer zesumme gespillt, mam Kovacs an dräi (Operation Mad Ball, Bell, Book and Candle, an It Happened to Jane), a mam Matthau an eelef.

Hie war dem Regisseur Billy Wilder säi Liblingsschauspiller, deen em a seng Filmer Some Like It Hot (beschte Schauspiller um Festival vu Cannes), The Apartment, Irma la Douce, The Fortune Cookie, Avanti!, The Front Page, a Buddy Buddy d'Haaptroll spille gelooss huet. Och fir de Blake Edwards huet hien dacks gespillt, sou a My Sister Eileen (1955), Days of Wine and Roses (1962), The Great Race (1965) an That's Life! (1986).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jack Lemmon – Biller, Videoen oder Audiodateien