Blake Edwards

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De William Blake McEdwards, bekannt als Blake Edwards, gebuer de 26. Juli 1922 zu Tulsa (Oklahoma), a gestuerwen de 15. Dezember 2010 zu Santa Monica (Kalifornien), war en US-amerikanesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Produzent.

Hien huet seng Carrière an den 1940er Joren als Schauspiller ugefaangen. Dono huet hien eng sëlechen Dréibicher a Radios-Héierspill-Serië geschriwwen. 1955 huet hien eng éischte Kéier Regie gefouert (Bring Your Smile Along). Seng Televisiounsserie Peter Gunn hat e grousse Succès.

Zu senge bekanntste Wierker ziele Comédien, virop d'Pink Panther-Serie an The Party, allkéiers mam Peter Sellers an der Haaptroll, mä och méi eescht Filmer, wéi Breakfast at Tiffany's (1961), mat der Audrey Hepburn an dem George Peppard, oder Days of Wine and Roses (1962), mam Jack Lemmon.

2004 huet de Blake Edwards de Academy Honorary Award fir säi Liewenswierk kritt.

Filmographie (als Regisseur) [änneren]

Kino [änneren]

Televisioun [änneren]

  • Four Star Playhouse (1954)
  • Peter Gunn (Serie, 1958)
  • Mr. Lucky (Serie, 1959)
  • Julie and Dick at Covern Garden (1973)
  • Justin Case (1988)
  • Peter Gunn (1989)
  • Victor/Victoria (1995)