Jean-Claude Pascal
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jean-Claude Pascal, gebuer de 24. Oktober 1927 zu Paräis als Jean-Claude Villeminot, a gestuerwen de 5. Mee 1992, war e franséische Sänger, Schauspiller a Schrëftsteller.
Hien huet Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest 1961 zu Cannes mam Lidd "Nous les amoureux" vertrueden. Hie koum op déi 1. Plaz mat 31 Punkten.[1]
Hien huet Lëtzebuerg eng zweete Kéier beim Eurovision Song Contest 1981 zu Dublin mam Lidd "C'est peut-être pas l'Amérique" vertrueden.[2] Dës Kéier koum en op déi 11. Plaz mat 41 Punkten.