Baccara

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Eng vun den zwou haitege Baccara-Formatiouen: D'Mayte Mateos (mat der Paloma Blanco).

Baccara war eng spuenesch weiblech Vokal-Popgrupp.

D'Grupp ass 1977 gegrënnt ginn a bestoung aus de Sängerinne Mayte Mateos (gebuer de 7. Februar 1951) a María Mendiola (gebuer de 4. Abrëll 1952). Si hu sech am November 1973 beim spuenesche Fernsehballet kenne geléiert. Si hu sech als Flamenco-Dänzerinnen a Sängerinnen als Duo Venus selbstänneg gemaach a sinn ënner anerem zu Fuerteventura opgetrueden, wou se am Januar 1977 vum Leon Deane, Fred Dieckmann a Patrick Kavetz (alleguer RCA, haut: SonyBMG) entdeckt goufen.

Den éischten Album Baccara hu se 1977 opgeholl an déi zwou ausgekoppelt Singlen „Yes Sir, I Can Boogie“ a „Sorry, I'm A Lady“ waren europawäit e groussen Erfolleg.

D'Grupp Baccara huet Lëtzebuerg 1978 um Eurovision Song Contest zu Paräis vertrueden. Mat dem Lidd "Parlez-vous français?" ass si dunn op déi 7. Plaz komm mat 73 Punkten.[1]

1982 ass d'Grupp no geriichtleche Streidereien ausernee gaangen.

An den 1990er Joren hunn déi zwou Sängerinnen, no Solocarrièren, allen zwou eng nei Grupp "Baccara" gegrënnt, mat jeeweils enger anerer Mat-Sängerin.

Diskographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Baccara (1977)
  • Light My Fire (1978)
  • Colours (1979)
  • Bad Boys (1981)

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]