Michèle Torr

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Michèle Torr

D'Michèle Torr, gebuer de 7. Abrëll 1947 zu Pertuis als Michelle Cléberte Tort, ass eng franséisch Sängerin. Si huet hir Carrière 1962 ugefaangen.

Si huet Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest 1966 zu Lëtzebuerg mam Lidd "Ce soir je t'attendais" vertrueden. Si koum op déi 10. Plaz mat 7 Punkten.[1]

Eelef Joer méi spéit huet si Monaco beim Eurovision Song Contest 1977 zu London mam Lidd "Une petite française" vertrueden. Déi Kéier koum si op déi 4. Plaz mat 96 Punkten.[2]

Am Joer 1970 huet si mat 2 Lidder bei der franséischer Vir-Selektioun fir de Grand Prix matgemaach, ass awer net iwwer d'Halleffinall erauskomm.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]