1962
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1957 | 1958 | 1959 | 1960 | 1961 | 1962 | 1963 | 1964 | 1965 | 1966 | 1967
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1962.
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
Europa [änneren]
- 7. Februar: Zu Luisenthal am Saarland stierwe bei enger Explosioun an enger Kuelegrouf 299 Mineuren.
- 16./17. Februar: Stuermflut am Nordmier.
- 16. Abrëll: De Georges Pompidou gëtt Premierminister a Frankräich.
- 11. Oktober: Ufank vum Zweete Vatikanesche Konzil.
- 18. November: Bei den Nationalratswalen an Éisträich kritt d'ÖVP mam Bundeskanzler Gorbach déi meeschte Stëmmen.
Lëtzebuerg [änneren]
- 26. Mee: Den Escher Theater gëtt ageweit.
Afrika [änneren]
Amerika [änneren]
- 14. Oktober–28. Oktober: Kubakris tëscht den USA an der Sowjetunioun.
USA [änneren]
Mëttel- a Südamerika [änneren]
- 6. August: Jamaika gëtt onofhängeg.
- 23. August: Trinidad an Tobago gi vum Vereenegte Kinnekräich onofhängeg.
Asien [änneren]
- 1. September: 12.230 Doudeger bei engem Äerdbiewen bei Qazvin, am Iran.
- 20. Oktober: Ufank vum Indesch-Chinesesche Grenzkrich.
Ozeanien & Pazifik [änneren]
- 1. Januar: Samoa gëtt vun Neiséiland onofhängeg; den Tanumafili II. gëtt Staatschef.
Arabesch Welt [änneren]
- 18. Mäerz: Frankräich an Algerien ënnerschreiwen e Vertrag, deen d'Enn vum Algeriekrich festleet.
- 5. Juli: Algerien erkläert sech onofhängeg. Zu Oran fält en arméierte Mob ënnert der Féierung vum Abdelaziz Bouteflika iwwer 3000 Fransousen hir; de Charles de Gaulle verbitt de franséischen Zaldoten, anzegräifen.
- 15. Juli: Algerien kritt seng Onofhängegkeet.
- 26. September: Militärputsch géint d'Monarchie am Jemen.
Konscht & Kultur [änneren]
Molerei [änneren]
Literatur [änneren]
- Edmond Dune, Douze Coplas.
- Edmond Dune, Le tambourin et la guitare.
- Edmond Dune, Le dernier roi.
Musek [änneren]
- 18. Mäerz: D'Isabelle Aubret gewënnt fir Frankräich mam Lidd Un premier amour de 7. Eurovision Song Contest zu Lëtzebuerg.
Wëssenschaft & Technik [änneren]
- Den US-amerikaneschen Ingenieur Nick Holonyak baut déi éischt Liicht-Diod (LED).
- Dee gréisste Schëpperadbagger vun der Welt gëtt an Däitschland a Betrib geholl.
- Den Astronaut John Glenn flitt als éischten US-Amerikaner am Weltraum.
- 20. Juli: Den US-amerikanesche Noriichten- an Tëleesatellit Telstar iwwerdréit fir d'éischt Tëlees-Biller tëschent den USA a Frankräich.
Sport [änneren]
- 7. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Arnhem 0:2 géint Holland.[1]
- 1. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Arel 1:4 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Henri Cirelli geschoss.[2]
- 11. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:3 géint Sowjetunioun. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Ady Schmit geschoss.[3]
- D'Fussball-WM a Chile gewënnt déi brasilianesch Nationalequipe.
- 14. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:2 géint Belsch.[4]
- 11. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 2:6 géint Holland. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Erny Brenner a Jean Hemmerling geschoss.[5]
- 22. Dezember: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Esch-Uelzecht 1:2 géint Schwäiz. De Goler fir d'Lëtzebuerger huet de Johny Léonard geschoss.[6]
Gebuer [änneren]
- 1. Januar: Georges Kieffer, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 17. Januar: Jim Carrey, kanadesche Komiker a Schauspiller.
- 21. Januar: Peter Lohmeyer, däitsche Schauspiller.
- 21. Januar: Marie Trintignant, franséisch Schauspillerin.
- 16. Januar: John van Rijswijck, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 28. Januar: Serge Jentgen, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 30. Januar: Abdullah II., Kinnek vu Jordanien.
- 5. Februar: Jennifer Jason Leigh, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 6. Februar: Claude Lahr, lëtzebuergesche Realisateur.
- 6. Februar: Axl Rose, US-amerikanesche Sänger.
- 9. Februar: Claudine Moulin, lëtzebuergesch Sproochwëssenschaftlerin.
- 12. Februar: René Scheuer, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 15. Februar: David Hurley, englesche Kontertenor.
- 2. Mäerz: Jon Bon Jovi, US-amerikanesche Museker.
- 3. Mäerz: Dan Dethier, lëtzebuergeschen Triathlet.
- 15. Mäerz: Terence Trent D'Arby, US-amerikanesche Sänger.
- 31. Mäerz: Olli Rehn, finnescher Politiker, EU-Commissaire.
- 12. Abrëll: Patrick Ripp, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 12. Abrëll: Leo Wagener, lëtzebuergesche Paschtouer.
- 15. Abrëll: Romain Schneider, lëtzebuergesche Politiker.
- 2. Mee: Jimmy Martin, lëtzebuergesche Museker, Lidderschreiwer a Produzent.
- 10. Mee: David Fincher, US-amerikanesche Regisseur, Filmproduzent a Schauspiller.
- 12. Mee: Emilio Estevez, US-amerikanesche Filmschauspiller.
- 21. Mee: Jitz Jeitz, lëtzebuergeche Blues- an Jazzmuseker.
- 4. Juni: Frédéric Auburtin, franséischen Dréibuchauteur, Komponist a Filmregisseur.
- 10. Juni: Vincent Perez, Schwäizer Schauspiller, Regisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent.
- 17. Juni: Lio, franséisch-belsch Sängerin a Schauspillerin.
- 26. Juni: Wolfgang Geiselhart, däitschen Auteur.
- 28. Juni: Luc Feit, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 3. Juli: Tom Cruise, US-amerikanesche Schauspiller a Produzent.
- 12. Juli: Roger Wagner, lëtzebuergesche Fotograf.
- 23. Juli: Federico Franco, paraguayesche Politiker.
- 31. Juli: Wesley Snipes, US-amerikanesche Filmschauspiller.
- 18. August: Felipe de Jesús Calderón Hinojosa, mexikanesche Staatspresident.
- 18. August: Arno Strobel, däitsche Schrëftsteller.
- 19. August: Jeannot Sanavia, lëtzebuergesche Komponist a Kontrabassist.
- 30. August: Alexander Walterowitsch Litwinenko, Leitnant-Colonel am russesche Geheimdéngscht.
- 1. September: Ruud Gullit, hollännesche Fussballspiller an -trainer.
- 13. September: Michel Wolter, lëtzebuergesche Politiker.
- 9. Oktober: Durs Grünbein, däitsche Lyriker, Essayist an Iwwersetzer.
- 20. Oktober: Philippe Matsas, lëtzebuergesche Fotograf.
- 26. Oktober: Dean Spielmann, lëtzebueresche Jurist a Magistrat.
- 11. November: Demi Moore, US-amerikaeisch Schauspillerin.
- 18. November: Enrico Lunghi, Konschthistoriker an Auteur.
- 18. November: Kirk Hammett, US-amerikanesche Gittarist.
- 19. November: Jodie Foster, US-amerikanesch Schauspillerin, Filmregisseurin a Produzentin.
- 21. November: Renée Wagener, lëtzebuergesch Journalistin a Politikerin.
- 22. November: Armin Krings, däitsch-lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 23. November: Nicolás Maduro, venezolanesche Politiker.
- 1. Dezember: Detlev Buck, däitsche Schauspiller, Dréibuchauteur, Filmproduzent a Regisseur.
- 21. Dezember: Georges Christen, lëtzebuergesche Kraaftmënsch.
- 22. Dezember: Ralph Fiennes, englesche Schauspiller.
- 22. Dezember: Viviane Thill, lëtzebuergesch Iwwersetzerin, Filmkritikerin an Auteur.
- 28. Dezember: Michel Petrucciani, franséischen Jazz-Pianist.
- 30. Dezember: Alessandra Mussolini, italienesch Schauspillerin a Politikerin.
- Jean-Christophe Massinon, franséische Moler a Sculpteur.
- Yvette Rischette, lëtzebuergesch Molerin.
- Jean-Marie Triffaux, belschen Historiker.
- Philippe Schaus, lëtzebuergesche Manager.
Gestuerwen [änneren]
- 26. Januar: Lucky Luciano, US-amerikanesche Mafioso.
- 31. Januar: Dannie Heineman, belsch-amerikaneschen Ingenieur a Geschäftsmann.
- 13. Mäerz: Henri Gengler, lëtzebuergesche Politiker.
- 15. Mäerz: Arthur Holly Compton, US-amerikanesche Physiker an Nobelpräisdréier.
- 25. Mäerz: Auguste Piccard, schwäizer Physiker.
- 29. Mäerz: Albert Wingert, lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Resistenzler.
- 11. Abrëll: Michael Curtiz, ungaresch-amerikanesche Filmregisseur.
- 14. Abrëll: Victor Engels, lëtzebuergeschen Architekt a Moler.
- 12. Mee: Pedro Pablo Ramírez Machuca, argentinesche President.
- 19. Mee: Gabriele Münter, Molerin vum Expressionismus.
- 1. Juni: Albert Steffen, lëtzebuergeschen Historiker.
- 6. Juni: Yves Klein, franséische Moler, Sculpteur a Performancekënschtler.
- 8. Juni: Eugène Freyssinet, franséischen Ingénieur an Erfinder.
- 13. Juni: Eugène Aynsley Goossens, englesche Komponist an Dirigent.
- 19. Juni: Frank Borzage, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 20. Juni: Isidore Engler, lëtzebuergeschen Architekt.
- 6. Juli: William Faulkner, US-amerikanescher Schrëftsteller.
- 9. Juli: Georges Bataille, franséische Schrëftsteller, Soziolog a Philosoph.
- 29. Juli: Leonardo De Lorenzo, italienesche Flütist a Musekspedagog.
- 30. Juli: Luigi Carnera, italieneschen Astronom.
- 4. August: Marilyn Monroe, US-amerikanesch Filmschauspillerin.
- 9. August: Hermann Hesse, däitsch-schwäizer Schrëftsteller, Nobelpräisdréier.
- 3. September: E. E. Cummings, US-amerikaneschen Dichter a Schrëftsteller.
- 6. September: Hanns Eisler, däitsche Komponist.
- 7. September: Karen Blixen, dänesch Schrëftstellerin.
- 15. September: William Coblentz, US-amerikanesche Physiker an Astronom.
- 7. November: Eleanor Roosevelt, US-amerikanesch Mënscherechtsaktivistin an Diplomatin.
- 18. November: Niels Hendrik David Bohr, dänesche Physiker, Nobelpräisdréier.
- 22. November: René Coty, franséische Politiker, President vun der Véierter Republik.
- 23. November: Jean-Pierre Lamboray, lëtzebuergesche Moler.
- 28. November: Wilhelmina, Kinnigin vun Holland.
- 15. Dezember: Charles Laughton, britesche Filmschauspiller.
| Commons: 1962 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Holland-Lëtzebuerg vum 7. Mäerz 1962 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg vum 1. Abrëll 1962 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Sowjetunioun vum 11. Abrëll 1962 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch vum 14. Oktober 1962 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch vum 11. November 1962 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch vum 22. Dezember 1962 um Site European Football