3. September
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 3. September ass den 246. Dag vum Joer (247. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
| Aug – September – Okt | ||||||
| 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
| 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
| 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
| 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
| 29 | 30 | |||||
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Evenementer
- 1189: De Richard Léiwenhäerz gëtt als Richard I. zum englesche Kinnek gekréint.
- 1658: De Richard Cromwell gëtt Lord Protector vun England, Schottland an Irland.
- 1791: Frankräich: D'Konstitutioun vu 1791 gëtt vun der Nationalversammlung a vum Louis XVI. ugeholl a Frankräich gëtt zu enger konstitutioneller Monarchie.
- 1939: Frankräich a Groussbritannien erklären Däitschland de Krich.
[änneren] Lëtzebuerg
- 1906: De Buffalo Bill trëtt mat sengem Spektakel Buffallo Bill's Wild West Show an der Stad Lëtzebuerg op.
- 1974: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:5 géint d'Bundesrepublik Däitschland. [1]
- 2000: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2002, 0:2 géint Jugoslawien.[2]
- 2005: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Faro, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 0:6 géint Portugal.[3]
- 2010: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012, 0:3 géint Bosnien-Herzegowina.[4]
[änneren] Gebuer
- 1187: Louis VIII., franséische Kinnek.
- 1811: Jean Pierre Michaelis, lëtzebuergesche Professer a Schoulinspekter.
- 1816: Jean Worré, lëtzebuergeschen Ingenieur.
- 1837: Ralph Copeland, briteschen Astronom.
- 1850: Alphonse Munchen, Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg.
- 1858: Francis Preserved Leavenworth, US-amerikaneschen Astronom.
- 1859: Jean Jaurès, franséische Politiker.
- 1861: Georges Ernest Faber, lëtzebuergeschen Naturfuerscher.
- 1890: Pierre Hentges sen., lëtzebuergeschen Turner, Auteur an Olympionik.
- 1909: Guillaume Konsbruck, lëtzebuergesche Politiker.
- 1914: Théo Loesch, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1915: Memphis Slim, US-amerikanesche Museker.
- 1928: Gaston Thorn, lëtzebuergesche Politiker a Manager.
- 1929: Victor Conzemius, lëtzebuergesche Geschichtsprofesser, Kierchenhistoriker an Auteur.
- 1939: Jean Link, lëtzebuergesche Geschäftsmann a Fechter.
- 1939: Carlo Losch, lëtzebuergesche Professer, Moler an Auteur.
- 1953: Jean-Pierre Jeunet, franséische Regisseur.
- 1971: Peter Fox, däitsche Reggae- an Hip-Hop-Museker.
- 1973: Mirja Boes, däitsch Komikerin, Schauspillerin a Sängerin.
- 1984: David Fiegen, lëtzebuergesche Liichtathlet.
- 1986: Jempy Drucker, lëtzebuergesche Vëlosportler.
[änneren] Gestuerwen
- 1520: Ippolito I. d'Este, Äerzbëschof a Kardinol (* 1479)
- 1658: Oliver Cromwell, Lord Protector vun England, Schottland an Irland.
- 1877: Adolphe Thiers, President vun der franséischer Republik.
- 1890: Alexandre Chatrian, franséische Schrëftsteller.
- 1942: Ernest Toussaint, lëtzebuergesche Sportler a Resistenzler.
- 1948: Edvard Beneš, tschechesche Politiker.
- 1969: Ho Chi Minh, vietnamesesche Revolutionär a Staatsmann.
- 1991: Frank Capra, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 2001: Pauline Kael, US-amerikanesch Filmkritikerin.
- 2004: André Dumortier, belsche Pianist.
- 2011: Henri Muller, lëtzebuergeschen Enseignant an Iwwersetzer.
[änneren] Feierdeeg
| Méint |
| Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
| Commons: 3. September – Biller, Videoen oder Audiodateien |
[änneren] Referenzen
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Däitschland den 3. September 1974 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Jugoslawien den 3. September 2000 um Site European Football.info]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Portugal-Lëtzebuerg den 3. September 2005 um Site European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg - Bosnien-Herzegowina den 3. September 2010 um Site European Football