Jean Pierre Michaelis
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jean Pierre Michaelis, gebuer den 3. September 1811 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 29. September 1867, war e lëtzebuergesche Mathematiksprofesser.
Hien huet 30 Joer laang am Kolléisch zu Lëtzebuerg geschafft. Als Nofolger vum Nicolas-Michel Muller (1793 - 1876), gouf hien den 22. September 1866 do Direkter, an ass dat bis zu sengem Doud, am Joer 1867 bliwwen.
Virdrun, 1837 an 1838, war hie Mathematiksprofesser am Collegium zu Bouillon an am Athenäum zu Bruges.
Hie war och Schoulinspekter a Sekretär vun der Schoulkommissioun vun de Kantone Miersch a Lëtzebuerg.
Hien huet eng grouss Zuel vu wëssenschaftlechen Dissertatioune geschriwwen.