Kanton
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dëst Lemma huet méi wéi eng Bedeitung. Heidrënner stinn déi Artikelen, déi et zu deene verschiddene Bedeitunge gëtt. Fir méi Informatioun, liest w.e.g. den Artikel iwwer Homonymie an der Wikipedia. |
E Kanton ass eng Ënnerdeelung, vun engem Land déi administrativ, oder historesch Ursaachen huet a ka vu Land zu Land verschidde sinn:
- Zu Lëtzebuerg sinn déi 12 Kantonen eng regional Andeelung an där d'Gemengen zesummegefaasst sinn. Um administrative Plang spillt de Kanton zu Lëtzebuerg keng Roll. An der Verwaltungshierarchie steet iwwer der Gemeng direkt den Distrikt. A verschiddenen Organisatiounen wéi z.B bei de Pompjeeën gëtt et Kantonalverbänn. Kuckt: Lëscht vun de Lëtzebuerger Kantonen.
- Déi 26 Kantonen an der Schwäiz sinn d'Staate vun der Schwäizer Konfederatioun: Kanton (Schwäiz).
- A Frankräich ass e Kanton eng Ënnerglidderung vun engem Departement bannent engem Arrondissement: Franséisch Kantonen.