Wikipedia:Homonymie
Heinansdo kënnt et vir, datt verschidden Artikelen zu ganz verschiddenen Themen deeselwechten Titel hunn. Dat nenne mer Homonymie (op der englescher Wikipedia: disambiguation).
An enger Enzyklopedie op Pabeier ass dëst kee gréissere Problem, well déi verschidden Artikelen einfach noenee gedréckt ginn. An enger elektronescher Enzyklopedie ass dat natierlech net méiglech a stellt dowéinst e Problem duer.
Dofir sinn hei e puer Erklärungen an eng Homonymie-Säit noutwänneg. Fir all aner Froen zur Nennung vun den Artikelen, liest w.e.g. den Artikel Wikipedia:Nummkonventiounen.
Inhaltsverzeechnes |
Wéini brauche mer Homonymie-Säiten ? [änneren]
Fauschtregel: Wann e Wuert déiselwecht Bedeitung huet, mee a verschiddenen Zesummenhäng virkënnt, gehéiert alles an een Artikel. Wann awer e Wuert total verschidde Bedeitungen huet, muss eng Homonymiesäit zur Erklärung ugeluecht ginn, an all Artikel eenzel geschriwwe ginn.
Indicatiounen a Beispiller:
- Jupiter ass e Planéit, mee och eng Figur aus der réimescher Mythologie.
- Casablanca ass eng Stad, mee och e Film.
Wéi ginn d'Homonymiesäiten organiséiert ? [änneren]
1. Fall: D'Schlagwuert féiert op d'Homonymiesäit [änneren]
Wa bei engem Wuert méi Méiglechkeeten a Fro kommen, wouvunner all eenzel Méiglechkeet zimlech populär ass (zum Beispill Jupiter), sou soll d'Schlagwuert, an dësem Fall Jupiter, op d'Homonymiesäit féieren. Op dëser Säit ginn déi eenzel Bedeitunge mat korrektem Link opgelëscht an um Ufank vum Artikel hannerloosst w.e.g. de Message {{Homonymie}}:
| Dëst Lemma huet méi wéi eng Bedeitung. Hei drënner stinn déi Artikelen, déi et zu deene verschiddene Bedeitunge gëtt. Fir méi Informatioun, liest w.e.g. den Artikel iwwer Homonymie an der Wikipedia. |
| Op dëser Säit stinn eng Partie Artikele vu Leit déi deselwechte Familljennumm hunn, an dofir ausernee gehal musse ginn. Fir méi Informatioun, liest w.e.g. den Artikel iwwer d'Homonymie an der Wikipedia. |
2. Fall: D'Schlagwuert féiert op den Artikel [änneren]
Et gi verschidde Wierder, déi duerch de Kontext automatesch mat enger bestëmmter Bedeitung assoziéiert ginn, an an dësem Fall soll den Haaptlink och op déi Säit féieren. Op där Säit selwer soll dann e Message hannerlooss ginn am Stil "Fir XX als YY, kuckt w.e.g. hei" etc.
Als Beispill: Hollywood
- Jiddfereen an eise Géigenden denkt beim Numm Hollywood un de Quartier vu Los Angeles mat der amerikanescher Filmindustrie.
- Kaum ee vun eis weess, datt et och eng Uertschaft Hollywood a South Carolina gëtt.
Dee Moment ass et einfach méi logesch, Hollywood als Haaptartikel ze gebrauchen, a keng Homonymiesäit.