Lëtzebuerger Kantonen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Dës Lëscht vun de Lëtzebuerger Kantonen ass en Deel vun de Referenztabellen.

Lag vun de Kantonen
N° op der Kaart Kanton Distrikt
1. Kapellen Lëtzebuerg
2. Klierf Dikrech
3. Dikrech Dikrech
4. Iechternach Gréiwemaacher
5. Esch-Uelzecht Lëtzebuerg
6. Gréiwemaacher Gréiwemaacher
7. Lëtzebuerg Lëtzebuerg
8. Miersch Lëtzebuerg
9. Réiden Dikrech
10. Réimech Gréiwemaacher
11. Veianen Dikrech
12. Wolz Dikrech

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kantone sinn eng Kreatioun vun der napoleonescher Herrschaft. Duerch e Beschloss vum 31. August 1795 si 37 Kantonen entstanen, dovun der 24 op d'mannst deelweis um haitege Staatsgebitt. Den 11. September 1795 koum awer schonn eng Reduktioun op 27 Kantonen, dovun der 12 op deem haitege Staatsterritoire. Den 22. Oktober 1796 an de 6. Mäerz 1802 koume weider Ännerungen, déi dunn awer scho relativ no bei deenen haitege louchen. No 1839 hunn déi zu Lëtzebuerg geschloe Gemenge vum Kanton Arel mat deene vum Kanton Käerjeng zum Kanton Kapellen fusionéiert, de Kanton Beetebuerg gouf mat Deeler vum Kanton Messancy mä ouns d'Gemeng Dippech zum Kanton Esch-Uelzecht, de Kanton vu Rued respektiv Betzder gouf vum Kanton Gréiwemaacher absorbéiert, an aus dem Kanton Osper gouf de Kanton Réiden.[1]

Vun 1857 bis 1867 hunn d'Kantone Miersch a Réiden zum Distrikt Miersch gehéiert.[2][3]

Verwaltungseenheeten[änneren | Quelltext änneren]

Hautdesdaags huet d'Andeelung vum Land a Kantone keng administrativ Funktioun méi. Weder gëtt et Kantonaladministratiounen, nach Kantonalparlamenter oder Kantonalgeriichter. Just d'Stroossebauverwaltung huet an all Kanton eng Néierloossung, an den Enregistrement huet bis op Veianen iwwerall e Büro.

Dat war awer net ëmmer sou. Vum 11. September 1795 bis zum Akraaftriede vum Gesetz vum 12. Abrëll 1972[4] war all Kanton de Kompetenzberäich vun engem Friddensgeriicht. Donieft gouf et nach Milizkantonen, déi zanter dem 25. Juli 1846 mat de Justizkantonen iwwereneegestëmmt hunn[5], an déi an hirem Chef-lieu d'Louszéien an d'Musterung vun de Milizionären z'organiséieren haten.

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Raymond Dhur, D'Andeelung vum Groussherzogtum an Distrikter, Geriichtsbezierker a Kantonen, in Newsletter ACTuel Nr 5
  2. Kinneklech-Groussherzoglech Veruerdnung vum 30. Mee 1857, iwwer d'Erriichte vun engem Distriktcommissariat zu Miersch, publizéiert am Memorial N° 16, éischten Deel, vum 3. Juni 1857, S. 153
  3. Gesetz vum 4. Mee 1867, iwwer d'Suppressioun vum Distriktcommissariat vu Miersch, publizéiert am Memorial N° 17, éischten Deel, vum 15. Juni 1887, S. 125
  4. Gesetz vum 12. Abrëll 1972 iwwer d'Reorganisatioun vun de Friddengeriichter, publizéiert am Mémorial A N° 32, vum 28. Mee 1972, S. 954
  5. Kinneklech-Groussherzogleche Beschloss vum 25. Juli 1846, Nr. 1527, iwwer eng nei Andeelung vun de Milizkantonen, publizéiert am Mémorial N° 48 vun 1846, S. 451

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lëtzebuerger Kantonen – Biller, Videoen oder Audiodateien