Ralph Copeland
De Ralph Copeland, gebuer den 3. September 1837 zu Woodplumpton (Lancashire) a gestuerwen de 27. Oktober 1905 zu Edinburgh war e briteschen Astronom an den drëtten Astronomer Royal for Scotland.
De Copeland hat vu 1865 bis 1867 Astronomie op der Georg-August-Universitéit Göttingen studéiert a war bis 1869 am Observatoire zu Göttingen bliwwen. 1869/70 hat hien un der zweeter däitscher Nordpolarexpeditioun ënnert der Leedung vum Kapitän Carl Koldewey deelgeholl. Uschléissend schafft de Copeland am privaten Observatoire vum William Parsons, 3. Earl of Rosse op deem senge Landsëtz zu Parsonstown. De Venustransit vun 1874 observéiert hien op Mauritius, dee vun 1882 op Jamaika.
Vum 29. Januar 1889 bis 1905 schafft hien als Astronomer Royal for Scotland.
De Ralph Copeland entdeckt 35 NGC-Objete, déi meescht dovun mat dem 72-Zoll-Reflekter vum William Parsons. Siwen dovun am Stärebild Leo ginn als Copeland-Septett bezeechent.