Leo (Stärebild)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Date vum Stärebild Leo
Lëtzebuergeschen Numm Léiw
Laténgeschen Numm Leo
Latäin. Genitiv Leonis
Latäin. Ofkierzung Leo
Lage Ekliptik
Rektaszensioun 9h 21m bis 11h 59m
Deklinatioun +33° 00´bis -6° 40´
Fläch 947 Quadratgrad
Siichtbar op de Breedegraden 83° Nord bis 57° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Wanter/Fréijoer
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
5
Hellste Stär,
Gréisst
Regulus (α Leonis),
1,36m
Meteorstréim Delta-Leoniden,
Leoniden
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Leo Minor
Cancer
Sextans
Crater
Virgo
Kaart vum Stärebild Leo. Déi rout gestrëchelt Linn ass d'Ekliptik

De Leo (laténgesch Léiw) ass e Stärebild op der Ekliptik.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

De Leo ass e markant Stärebild, dat um Fréijoershimmel liicht z'erkennen ass. Déi hell Stären Denebola, Regulus, Algieba (γ) an den δ Leonis maachen de Kierper vum „Léiw“. D'Stären ζ μ an ε Leonis stellen de Kapp duer. Dës gebéite Linn vu Stäre gëtt heiansdo och als „Séchel“ bezeechent.

Am Stärebild Léiw sinn e puer interessant Duebelstären déi liicht z'observéiere sinn. Ënner dem „Kierper“ fënnt een déi bekannt Galaxien M 65 an M 66.

Duerch de Léiw zitt sech d'Ekliptik, dofir wanderen d'Sonn, den Äerdmound an d'Planéiten duerch dëst Stärebild. De Leo gehéiert soumat zu den Déierekreeszeechen. Opgrond vun der Prezessiounsbewegung vun der Äerdachs huet sech allerdéngs den Zäitpunkt vum Sonnenduerchgang géintiwwer vun der Antikitéit verréckelt. D'Sonn hält sech vum 10. August bis de 15. September am Stärebild Leo op.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Identifikatioun vun der Stäregrupp mat engem Léiw kéint op dat aalt Egypten zréckgoen. Während der Zäit vun der grousser Summerhëtzt, hunn d'Léiwen d'Wüst verlooss a si bei d'Sandbänke vum Nil gezunn. Zu dësem Zäitpunkt stoung d'Sonn am haitege Stärebild Léiw. Allerdéngs huet dat egyptescht Stärebild nëmmen de „Kierper“ abezunn. D'Stärekette vum Kapp (bzw. der Séchel) huet fir si e Messer duergestallt.

Aner al Kulturen, wéi d'Perser, d'Syrer, d'Judden, d'Babylonier an d'Griichen hunn och am Stärebild e Léiw gesinn.

De Leo gehéiert zu den 48 klassesche Stärebiller, déi schonn vum Ptolemäus beschriwwe goufen.

Eng Grupp liichtschwaach Stären, déi fréier d'Quast um Schwanz vum Léiw duergestallt hunn, sinn am 2. Joerhonnert n. Chr. en eegent Stärebild ginn, d'Coma Berenices (d'Hoer vun der Berenike).

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Nimm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
α 32 Regulus 1,36m 78 B7 V
γ 41 Algieba 2,01m 126 K1 III + G7 III
β 94 Denebola 2,14m 36 A3 V
δ 68 Zosma, Duhr, Gülbahar 2,56m 58 A4 V
ε 17 Ras Elased Australis, Algenubi 2,97m 251 G1 II
θ 70 Chertan, Coxa 3,33m 170 A2 V
ζ 36 Aldhafera, Adhafera 3,43m 260 F0 III
η 30 3,48m 2000 A0 Ib
ο 14 Subra 3,52m 116 A5 V
ρ 47 3,84m 2500 B1 Ib
μ Rasalas, Alshemali 3,88m 133 K2 III
ι 78 3,9m 70 F2 + G3
σ 77 4,05m
υ 91 4,30m
54 4,30m 200 A1 + A2
λ 4 Alterf 4,32m 250 K5 III
R 4,4 bis 11,3m 300 M7 III
φ 74 4,45m
κ 1 4,47m
93 4,50m
72 4,56m
χ 63 4,62m
π 29 4,68m
40 4,78m
τ 84 4,95m
ξ 5 4,99m
10 5,00m
48 5,07m
75 5,18m
ν 27 5,26m
92 5,26m
ψ 16 5,36m
79 5,39m
ω 2 5,40m 120 F9 + G0
37 5,42m
46 5,43m
Wolf 359 13,53m 7,8 M6 V
Stéch vum Stärebild Léiw

De β Leonis steet op enger Distanz vu 36 Liichtjoer an ass e Stär dee wäiss liicht mat der Spektralklass A3. En huet déi 2,3fach Mass an déi 12fach Liichtkraaft vun eiser Sonn.
Den Numm Denebola ass vun alarabeschem Urspronk a bedeit „Schwanz vum Léiw“. De Stär ε Leonis ass 251 Liichtjoer vun eis ewech. D'Nimm Ras Elased Australis oder Algenubi leede sech vun „de südleche Kapp vum Léiw“ of.

Den Numm Rasalas oder Ashemali steet fir de Stär μ Leonis, deen 133 Liichtjoer vun eis ewech ass, a bedeit souvill wéi „nërdleche Kapp vum Léiw“.

De Stär Wolf 359 läit op enger Distanz vu 7,8 Liichtjoer an ass deen drëttnächste Stär vun eiser Sonn. Dee nëmmen 13,53m helle Stär gouf am Joer 1918 vum Astronom Max Wolf op fotografesche Placken entdeckt. Den déifrouden Zwergstär huet nëmmen 10 % vun der Mass vun eiser Sonn. De Wolf 359 weist heiansdo Hellegkeetsausbréch, déi net am viraus ze gesi waren. Sou Stäre ginn als Flarestäre bezeechent.

Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

System Gréissten Ofstand
α 1,36/7,6/13,0m 3’/4"
σ 2,2/3,5m 4,4"
78 4,0m/6,7m 1,5"
54 4,5/6,3m 6,6"
ω 5,9/6,5m 0,5"

Den α Leonis ass en opfalend helle Stär. De laténgeschen Numm Regulus bedeit „Prënz“. Et handelt sech ëm e Méifachstäresystem, a besteet aus dräi Komponenten, op enger Distanz vun 78 Liichtjoer. De liichtkräftegen Haaptstär ass e relativ jonke Stär, deem säin Alter op e puer honnert Millioune Joer geschat gëtt. De Stär rotéiert an nëmmen 15,9 Stonnen ëm seng eegen Achs an ass duerch déi staark Zentrifugalkraaft un de Pole staark ofgeplatt. Hien huet deen 3,5facen Duerchmiesser vun eiser Sonn.

An engem Ofstand vu 4.200 Astronomesch Eenheeten ëmkreest eng Koppel liichtschwaach Stären den Haaptstär a ronn 130.000 Joer. Vun der Äerd aus gesinn huet d'Koppel en Ofstand vun 3 Bouminutten zum Haaptstär. – De Regulus läit bal direkt op der Ekliptik, a gëtt doduerch regelméisseg vm Mound bedeckt.

Den γ Leonis ass en Duebelstär op enger Distanz vun 90 Liichtjoer. Den arabeschen Numm Algieba bedeit „Stir vum Léiw“.

D'System β Leonis ass 42 Liichtjoer vun eis ewech. Den Haaptstär ass ronn 20mal méi hell wéi eis Sonn. Am wäiten Ofstand vun 19 Bouminutte kreest säi Begleetstär mat der 6. Gréissteklass. Den arabeschen Numm Denebola staamt vum „Schwanz vum Léiw“ of.

Verännerlech Stären[änneren | Quelltext änneren]

Stär Gréisst Period Typ
R 5,8 bis 10.0m 311 Deeg Mira-Typ

Den R Leonis ass ee verännerleche Stär vum Typ Mira, deem seng Hellegkeet sech iwwer en Zäitraum vun 311 Deeg staark ännert. Am Maximum kann en nach mat bloussem A gesi ginn. Während dem Hellegkeetsminimum brauch ee fir eng Observatioun en Teleskop.

Messier- an NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

Messier (M) NGC aner Gréisst Typ Numm/Beschreiwung
M 65 3623 9,5m Galaxis
M 66 3627 9m Galaxis
M 95 3351 10m Galaxis Balkespiralgalaxis
M 96 3368 9,5m Galaxis
M 105 3379 9,5m Galaxis
2903 9,0m Galaxis
3384 10m Galaxis
3628 10m Galaxis

D'Galaxiëpuer M 65 an M 66 dat op enger Distanz vu 40 Millioune Liichtjoer vun eis ewech ass ka scho mat engem klengen Teleskop gesi ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Leo (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien