Cancer (Stärebild)
| Date vum Stärebild Kriibs | ||
|---|---|---|
| Lëtzebuergeschen Numm | Kriibs | |
| Laténgeschen Numm | Cancer | |
| Latäin. Genitiv | Cancri | |
| Latäin. Ofkierzung | Cnc | |
| Positioun | Ekliptik | |
| Rektaszensioun | 7h 55m bis 9h 22m | |
| Deklinatioun | +6° 28' bis +33° 8' | |
| Fläch | 506 Quadratgrad |
|
| Siichtbar op de Breedegraden | 90° Nord bis 60° Süd | |
| Beobachtungszäitraum fir Mëtteleuropa |
Wanter | |
| Zzuel vu Stäre mat Gréisst < 3m |
keng | |
| Hellste Stär Gréisst |
β Cancri (Altarf), 3,52m |
|
| Meteorstréim | Delta-Cancriden (16./17. Januar) |
|
| Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Lynx Gemini Canis Minor Hydra Leo |
|
De Cancer (lb: Kriibs) ass e Stärebild op der Ekliptik.
Inhaltsverzeechnes |
Beschreiwung [änneren]
De Kriibs ass een onopfällegt Stärebild, dat sech aus ville relativ liichtschwaache Stären zesummesetzt . Den hellste Stär, β Cancri (Altarf), huet nëmmen déi 3. Gréissteklass. D'Stärebild ass doduerch eppes méi schwéier ze erkennen.
De Kriibs gehéiert zu den Déierekreeszeechen, well d'Ekliptik duerch d'Stärebild leeft. D'Sonn steet vum 20. Juli bis den 10. August all Joer am Kriibs.
D'Stärebild huet zwéin intressant oppe Stärekéip: déi ee schonns mat bloussem A ka gesinn: M 44 (Praesepe), an M 67.
Meteorstréim [änneren]
An der Zäit ëm de 16. an de 17. Januar kann de Meteorstroum vun den Delta-Cancriden observéiert ginn. De Radiant läit am Stärebild Kriibs.
Himmelsobjeten [änneren]
| B | F | Nimm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
|---|---|---|---|---|---|
| β | 17 | Altarf, Al Tarf, Tarf | 3,53m | 230 | K4 III |
| δ | 47 | Asellus Australis | 3,94m | 150 | K0 III |
| ι | 48 | 3,9 m | 300 | G6 + A3 | |
| α | 65 | Acubens, Al Zubanah, Sertan, Sartan | 4,26m | 180 | |
| γ | 43 | Asellus Borealis | 4,66m | 160 | A1 V |
| RS | 5,0 bis 5,6m | 2000 | M6 II | ||
| χ | 18 | 5,13m | |||
| 8 | 5,14m | ||||
| ξ | 77 | 5,16m | |||
| ο1 | 62 | 5,22m | |||
| κ | 70 | 5,23m | |||
| ρ2 | 58 | 5,23m | |||
| σ3 | 64 | 5,23m | |||
| ρ1 | 55 | 55 Cancri | 5,3m | 45 | G8 + M3 |
| η | 33 | 5,33m | |||
| θ | 31 | 5,33m | |||
| π | 55 | 5,36m | |||
| 57 | 5,40m | 600 | G8 + K0 | ||
| τ | 72 | 5,42m | |||
| σ2 | 59 | 5,44m | |||
| 60 | 5,44m | ||||
| ν | 69 | 5,45m | |||
| 27 | 5,56m | ||||
| φ1 | 22 | 5,58m | |||
| φ2 | 23 | 5,6m | 400 | A3 + A6 | |
| 23 | X | 5,6 bis 7,5m | 2000 | C6 II | |
| 45 | 5,62m | ||||
| 15 | 5,62m | ||||
| ζ | 16 | Tegmen | 5,63m | 70 | F8 + G0 |
| 49 | 5,42m | ||||
| σ1 | 51 | 5,67m | |||
| ο2 | 63 | 5,68m | |||
| υ1 | 30 | 5,71m | |||
| ψ | 14 | 5,73m |
De β Cancri ass mat enger visueller Magnitude vun 3,52m den hellste Stär am Cancer. Et ass e Risestär deen orange liicht, vun der Spektralklass K4 op enger Distanz vun 200 Liichtjoer.
Den Numm Altarf staamt aus dem arabeschen a bedeit „A“.
D'Stären γ an δ Cancri hu laténgesch Nimm Asellus Borealis an Asellus Australis, „nërdlechen a südlechen Iesel“. Si sinn 160 an 150 Liichtjoer ewech. De Stär δ Cancri läit bal op der Ekliptik a gëtt doduerch heiansdo vum Äerdmound oder vu Planéite bedeckt.
Den α Cancri (Acubens), arabesch „d'Schéiere vum Kriibs“ ass e Stär vun der Spektralklass A5 a läit 180 Liichtjoer ewech.
Duebelstären [änneren]
| Objet | Gréisst | Ofstand |
|---|---|---|
| λ | 5,6m/6,0m | 1,0" |
| φ2 | 6,3m/6,3m | 5,2" |
| ι | 4,0m/6,6m | 30,5" |
| ρ1 | 6,0m/6,2m | 275" |
| 57 | 6,0m/6,4m | 1,4" |
De ρ1 Cancri ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 45 Liichtjoer, mat engem giele Stär vun der Spektralklass G8 an engem déifrout liichtende Stär vun der Spektralklass M3.
De ι Cancri ass 300 Liichtjoer vun eis ewech a besteet aus zwéi Stäre mat de Spektralklasse G6 an A3. Déi zwee Systemer kënne schonns mat engem klengen Teleskop an Eenzelstären opgeléist ginn.
Verännerlech Stären [änneren]
| Objet | Gréisst | Period | Typ |
|---|---|---|---|
| X | 5,6m bis 7,5m | ca. 180 Deeg | hallefregelméisseg verännerlech |
| RS | 5,0m bis 5,6m | ca. 120 Deeg | hallefregelméisseg verännerlech |
De X Cancri ass een hallefregelméisseg verännerleche Stär op enger Distanz vun 2.000 Liichtjoer. Hien ass déifrout a gehéiert zur Spektralklass C6. An engem Rhythmus vu ronn 180 Deeg verännert sech déi siichtbar Magnitude tëschent 5,6 a 7,5m.
Den RS Cancri ass och hallefregelméisseg verännerlech. Hien ass och ronn 2.000 Liichtjoer vun eis ewech, en ass rout a gehéiert zu der Spektralklass M6. Seng Hellegkeet variéiert a ronn 120 Deeg tëschent 5,0 a 5,6m.
Messier- an NGC-Objeten [änneren]
| Messier (M) | NGC | aner | Gréisst | Typ | Numm |
|---|---|---|---|---|---|
| M 44 | 2632 | 3,5m | Oppene Stärekoup | Praesepe | |
| M 67 | 2682 | 7,0m | Oppene Stärekoup |
Am Kriibs sinn zwéin Oppe Stärekéip, déi de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a säi Katalog mat niwwelegen Objeten opgeholl huet.
Den M 44, deen och ënner dem Numm Praesepe (Krëpp) bekannt ass, läit eppes méi westlëch vun enger geduechter Verbindungslinn vum γ Cancri an δ Cancri. Den M 44 ass ongeféier 500 Liichtjoer vun eis ewech an huet iwwer 300 Stäre mat d'Gréissteklassen tëschent 6 an 12m.
Den M 67 steet westlech vum γ Cancri. Den M 67 ass 2700 Liichtjoer ewech an huet ronn 60 Stären.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Cancer – Biller, Videoen oder Audiodateien |