Canis Minor

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Date vum Stärebild Canis Minor
Lëtzebuergeschen Numm Klengen Hond
Laténgeschen Numm Canis Minor
Laténgesche Genitiv Canis Minoris
Laténgesch Ofkierzung CMi
Positioun op dem Himmelsequator
Rektaszensioun 7h 6m bis 8h 11m
Deklinatioun +13° 15´ bis -0° 20´
Fläch 183 Quadratgrad
Siichtbar op de Breedegraden 89° Nord bis 77° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Wanter
Zuel u Stären mat
Gréisst < 3m
2
Hellste Stär,
Gréisst
α Canis Minoris (Procyon),
0,4m
Meteorstréim
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Gemini

Monoceros
Hydra
Cancer

Kaart vum Stärebild Canis Minor

De Canis Minor (Klengen Hond) ass e Stärebild südlech vum Himmelsequator.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Beschreiwung

De Klengen Hond ass e klengt Stärebild südlech vum markante Gemini. Den Haaptstär Procyon ass en opfälleg helle Stär, dee wäiss liicht. Ëstlech vum Stärebild ass d’Band vun der Mëllechstrooss. De Canis Minor kann am Wanter gesi ginn, a ka mat Ausnahm vum Zentrum vun der Antarktis op der ganzer Welt gesi ginn.

[änneren] Himmelsobjeten

[änneren] Stären

B F Numm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
α 10 Procyon, Antecanis, Al Shira, Elgomeisa 0,40m 11,4 F5 IV
β 3 Gomeisa, Algomeyla 2,89m 150 B8 V
γ 4 4,33m 200 K3 III
G 4,39m
6 4,55m
ε 2 4,99m
ζ 13 5,12m
η 5 5,22m
δ1 7 5,24m
11 5,25m
14 5,30m
1 5,37m
δ2 8 5,59m
δ3 9 5,24m

Den drëtthellste Stär am Klengen Hond, den γ Canis Minoris, ass ronn 200 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech,. Et ass e roude Risestär mat der Spektralklass K3. Seng schäinbar Hellegkeet ass 4,33m

[änneren] Duebelstären

System Gréisst Ofstand
α 0,40m/10,8m 2,2 bis 5,0"
β
14 5,4m/7m8m 76/112"

De Procyon (α Canis Minoris) ass mat enger schäinbarer Hellegkeet vun 0,40m den aachthellste Stär um Nuetshimmel. Mat enger Distanz vun 11,4 Liichtjoer ass hie nee vun de notste Stäre. Et handelt sech ëm en Duebelstäresystem. Den Haaptstär schéckt e wäisslecht Liicht aus a gehéiert zu der Spektralklass F5. Hien ass sechsmol méi hell wéi eis Sonn, huet en duebel sou groussen Duerchmiesser, awer nëmmen ronn 10 Prozent méi Mass. De Begleeder ass e liichtschwaache Wäissen Zwergstär, deen ongeféier duebel esou grouss ass wéi eisÄerd.

Den zweethellste Stär am klengen Hond, β Canis Minoris, ass mat 150 Liichtjoer Distanz villméi wäit ewech. Et ass e bloe, risegem Duebelstär mat der Spektralklass B8.

De Numm „Gomeisa“ ass arabesch a bedeit esou vill wéi "d’Fra mat dem verschleierte Bléck".

De 14 Canis Minoris ass e Méirfachstäresystem, bei deem sech dräi Stären ëm ee kollektive Schwéierpunkt bewegen.

[änneren] Messier- an NGC-Objeten

Am Klengen Hond si keng niwweleg Objeten, déi mat klengen Teleskopen ze gesi sinn.

Perséinlech Tools