Void (Astronomie)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Ëmgéigend vun der Mëllechstrooss – Virgo-Superkoup; et gesäit een etlech Voids tëschent Filamenter a Superkéip

An der Astronomie, ass e Void ((en) eidele Raum), e Raum deem seng Matièresdicht ganz niddreg ass. Et fënnt ee se tëscht de Filamenter déi déi gréisste Strukturen am Universum, d'Superkéip matenee verbannen.

Déi eidel Raim hunn am grousse Ganzen Durchmiesseren, déi tëscht 11 an 150 Mpc leien. Déi ganz grouss ginn och heiansdo Supervoids genannt. Déi eidel Raim déi a Regioune vum Universum mat méi enger heijer Matièresdicht sinn, si mei kleng ewéi déi a Geigende mat niddreger Matièresdicht.[1].

Well d'Moyenne vun der Matièresdicht am Universum am Beräich vun nëmmen 10−27 kg/m3 läit (ongeféier een Atom an engem Kubikmeter) an déi mëttelst Dicht vu Galaxien vill méi grouss ass, nämlech e puer Milliounen Atomen an engem Kubikmeter, muss et ganz grouss Beräicher ginn, an deene bal keng Matière existéiert. D'Matièresverdeelung am Universum gläicht, wéi astronomesch Observatiounen a Simulatiounen erginn hunn, op grousse Skalen enger Wabestruktur, déi duerch d'Filamenter an d'Huelräim, d'Voids, déi dertëschent leien, ensteet.

Bis elo observéiert Voids hu meeschtens een Duerchmiesser am Beräich vun 100 Millioune Liichtjoer. Dee bis elo gréisste Void gouf 2007 am Stärebild Eridanus entdeckt an huet mat engem Duerchmiesser vun 1 Milliard Liichtjoer ongeféier den zéngfache Volume vun deenen aner Voids.

Um Spaweck [änneren]

MY_HUGE_BALLS_ARE_IN_YOUR_MOUTH_BI_TCH

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie


Referenzen [änneren]

  1. (en)U. Lindner, J. Einasto, M. Einasto, W. Freudling, K. Fricke, E. Tago: The structure of supervoids. I. Void hierarchy in the Northern Local Supervoid an Astrophys. Band 301 Säit 329 vun 1995 Integralen Text