Eridanus (Stärebild)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Date vum Stärebild Eridanus
Lëtzebuergeschen Numm Eridanus (Floss)
Laténgeschen Numm Eridanus
Laténgesche Genitiv Eridani
Laténgesch Ofkierzung Eri
Positioun um Himmelsequator
Rektaszensioun 1h 25m bis 5h 11m
Deklinatioun +0° 25’ bis -57° 55’
Fläch 1138 Quadratgrad
Siichtbar op de Breedegraden 32° Nord bis 89° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
nëmmen nërdl. Deel
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
4
Hellste Stär,
Gréisst
Achernar,
(α Eridani),
0,45m
Meteorstréim -
Nopeschstärebiller
(vu Norden am
Auerzäresënn)
Orion
Taurus
Cetus
Fornax
Phoenix
Tucana
Hydrus
Horologium
Caelum
Lepus
Kaarte vum Stärebild Eridanus

De Floss Eridanus (Eridanus) ass e Stärebild südlech vum Himmelsequator.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Den Eridanus ass eent vun deene gréisste Stärebiller um Nuetshimmel. Et zitt sech wéi eng Stäreketten ënner dem Orion bis déif an de Südhimmel eran.

D'Stärebild ass net opfälleg, nëmme véier Stäre si méi hell wéi déi 3. Gréissteklass.

Vu Mëtteleuropa aus ass nëmmen dee nërdlechen Deel vum Stärebild ze gesinn.

De Stär ε Eridani läit zimlech no bei eis, an zwar 10,7 Liichtjoer. Hien ass domat ee vun den direkten Nopere vun eiser Sonn.

Am Stärebild Eridanus gëtt et eng gigantesch Lück (Void) mat enger Gréisst vun enger Milliard Liichtjoer. Do gëtt et keng Stären, keng Galaxien, keng schwaarz Lächer, an och fir Donkel Matière gëtt et keng Indizien.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Eridanus gehéiert zu den 48 Stärebiller aus der antiker Astronomie, déi scho vum Ptolemäus beschriwwe goufen.

An der griichescher Mythologie war den Eridanus e Floss, dee vum Aquarius hirkoum.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Nimm an aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
α Achernar 0,45m 144 B3 V
β 67 Cursa, Kursa, Dhalim 2,78m 90 B3 V
γ 34 Zaurak, Zaurac 2,95m 150 M0 III
θ Acamar 3,0m 163 A4 + A1
δ 23 Rana 3,52m 29 K0 IV
υ4 41 3,55m 120 B8 V
φ 3,56m 120 B8 V
χ 3,69m 50 G6 IV
τ4 16 3,70m 250 M3 III
ε 18 Epsilon Eridani 3,73m 10,5 K2 V
υ2 52 Beemin, Theemin 3,82m 200 G9 III
l 53 Sceptrum 3,87m 109 K2 IIIb
η 3 Azha 3,89m 121 K1 III
ν 48 3,93m 1000 B2 III
ν3 43 3,97m 250 K5 III
ο1 38 Beid 4,04m 200 F2 III
μ 57 4,01m 400 B5 IV
τ3 11 4,08m 80 A5 V
ι 4,11m 200 K0 III
g 4,17m
τ6 27 4,22m 60 F3 V
κ 4,24m
λ 69 4,25m
τ5 19 4,26m 300 B8 V
f 4,30m
54 4,32m
ω 61 4,30m
ο2 40 Keid 4,43m 16 K1 + A2
π 26 4,43m
τ1 1 4,47m 50 F6 V
32 4,5m 250 G8 + A2
y 4,57m
h 4,59m
τ9 36 4,62m
τ8 33 4,64m
s 4,74m
v 17 4,74m
τ2 2 Angetenar, Al Anchat 4,76m 182 K0 III
w 4,74m
ζ 13 Zibal 4,80m
ψ 65 4,80m
15 4,86m
39 4,87m 300 K3 + G2
45 4,91m
Stäreformatioun vum Eridanus

Den hellste Stär, Achernar, ass 144 Liichtjoer vun eis ewech. Hien huet eng eegenaarteg Form. Observatioune weisen drophin, datt säin Duerchmiesser um Equator 50 % méi grouss ass wéi op senge Polen. Dës Ofplattung gëtt op eng héich Rotatiounsvitesse zréckgefouert.

Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

System Gréissten Ofstand
θ 3,3m/4,4m 8,2"
ο2 4,5m/9,7m/10,8m 83"
32 4,8m/6,1m 6,8"
f 4,8m/5,4m 8,1"
39 4,9m/8,0m 6,4"
p Ei 5,8m/5,9m 11,5"

Den θ Eridani ass en Duebelstär op enger Distanz vun 120 Liichtjoer, dee scho mat engem klengen Teleskop ze gesinn ass.

Den ο2 ass en Dräifachsystem op enger Distanz zu eiser Äerd vun 15,9 Liichtjoer. Den Haaptstär ass ongeféier sou grouss wéi eis Sonn. Ee vun de Komponenten ass e wäissen Zwergstär, deen nëmmen den duebelen Äerdduerchmiesser huet. Déi drëtt Komponent ass e rouden Zwergstär.

Verännerlech Stären[änneren | Quelltext änneren]

Stär Gréisst Period Typ
T Eri 7,4m–13,2m 252 Deeg Mira-Stär

Den T Eridani ass ee pulstiounsverännerleche Stär vum Typ Mira. Am Maximum erreecht hien eng Hellegkeet vu 7,4m. Um Minimum fält seng Hellegkeet bis op 13,2m erof.

Messier- an NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

Messier (M) NGC divers Gréisst Typ Numm
1132 12,3m Galaxis
1232 9,9m Galaxis
1291 9,4m Galaxis
1300 10,4m Galaxis
1332 10,3m Galaxis
1395 9,6m Galaxis
1407 9,7m Galaxis
1532 9,9m Galaxis
1535 10m Planetareschen Niwwel

NGC 1132 ass eng vun de raren elliptesche Risegalaxisen an ass 318 Millioune Liichtjore vun eis ewech.

NGC 1291 ass eng Balkespiralgalaxis vum Typ SBa op enger Distanz vun 30 Millioune Liichtjoer.

NGC 1535 ass e planetareschen Niwwel op enger Distanz vu 5.000 Liichtjoer.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eridanus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]