Quadratgrad

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Quadratgrad ((°)²) ass eng vereelsten, net gesetzlech (zënter dem 1. Januar 1978) Eenheet fir de Raumwénkel. Gebraucht gëtt si virun allem an der Astronomie als Mooss fir d'Ausdeenung vun engem Himmelskierper.

De volle Raumwénkel vun der Himmelskugel ass 360²/π (ronn 41253) Quadratgrad. D'Gréisst vun engem Himmelskierper a Quadratgrad ergëtt sech aus dem Undeel vun der Himmelskugel, deen den Objet bedeckt, multiplizéiert mat 41253. Fir kleng Wénkele léisst sech mat Raumwénkele bal esou wéi mat Fläche rechnen. En Objet, deem seng Ausdeenung an enger Richtung 1 Grad miesst a senkrecht dozou och 1 Grad, bedeckt also e Raumwénkel vun ca. 1 Quadratgrad.

Déi gesetzlech SI-Eenheet fir de Raumwénkel ass de Steradiant. 1 Quadratgrad entsprécht (2π/360)² (ronn 0,00030462) Steradiant.

Kuckt och: Schäinbaren Duerchmiesser

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen