Rektaszensioun

Vu Wikipedia
Rektaszensioun an Deklinatioun
Himmelsequator an Ekliptik

D'Rektaszensioun; D'Ofkierzung: α, RA (engl. Right Ascension) ass an der Astronomie de Wénkel tëscht dem Längtegrad vum Fréijoerspunkt bis zum Längtegrad, iwwer deem den observéierten Objet steet, um Equatorplang gemooss. Hien ass d'Passung op der (imaginärer) Himmelskugel zu de geographesche Längtekreesser op der Äerd.

Equatoriale Koordinatesystem[änneren | Quelltext änneren]

D'Rektaszensioun ass déi eng Koordinat vum equatoriale Koordinatesystem, déi aner heescht Deklinatioun (δ).

Als Nullpunkt vun der Rektaszensioun déngt dobäi de Fréijoerspunkt. D'Rektaszensioun, déi bei de Positiounsdonneeë vun Himmelsobjete gebraucht gëtt, gëtt vun Norden aus betruecht géint den Auerzäresënn gemooss.

An der Astronomie huet sech duerchgesat, fir d'Rektaszensioun net a Grad, awer an der Zäitmooss, a Stonnen unzuginn, wobäi 24 Stonne mat 360 Grad gläichgesat ginn.

α an δ loosse sech mat der Ekliptikschréiegt ε an d'ekliptikal Längt λ a Breet β ëmrechnen – kuckt de klengen Dräieck riets op der Skizz. Dës Koordinatentransformatioun ass fir d'Berechnung vun de Planéitenëmlafbunnen an anere Kierper vum Sonnesystem onerléisslech.

Ofschätzung vun der Visualitéit[änneren | Quelltext änneren]

Bei bekannter Rektaszensioun vun engem Stär oder aneren astronomeschen Objeten ass liicht ofzeschätzen, zu wat fir enger Zäit am Joer den Objet am beschten ze gesinn ass, andeems den Datum berechent/ofgeschat gëtt, op deem seng héchst Plaz iwwer dem Horizont géint Hallefnuecht fält (Oppositioun). Den Trifidniwwel z. B. huet eng Deklinatioun vu ronn -22 Grad an ass dofir an eise Breeten nëmme schwéier ze gesinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]