Sonnewend

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Dageslängt den 21. Juni op verschiddene Breedekreeser

Eng Sonnewend (Heliostásion ‚Stëllstand vun der Sonn) geschitt zweemol am Joer. Zu der Wantersonnewend – op der Nordhallefkugel vun der Äerd den 21. oder 22. Dezember – erreecht d'Sonn déi geréngste Mëtteghéicht iwwert dem Horizont, während der Summersonnewend den 21. Juni (op Plaze nërdlech vum nërdlechen Wendekrees) hiren mëtteglechen Héichststand iwwert dem Horizont. Op der Südhallefkugel sinn d'Verhältnesser ëmgekéiert, während dem Wanter ass op der Nordhallefkugel Summer.

Während enger Sonnewend erreecht d'Sonn am Laf vun engem Sonnejoer de gréisste nërdlechen oder südlechen Ofstand vum Himmelsequator. An dësem Moment kéiert d'Sonn hir duerch d'Ekliptikschréiegt bewierkt Deklinatiounsbeweegung ëm a kënnt dem Himmelsequator méi no.

Dës maximal Deklinatioun erreecht si all Joer zweemol: eemol nërdlech an eemol südlech vum Himmelsequator; jee no Hemissphär (also Nord- oder Südhallefkugel vun der Äerd) schwätzt een dofir ëmmer vun der Summer- oder Wantersonnewend.


[änneren] Um Spaweck

Wiktionnaire: Sonnenwende – Definitioun, Synonymer an Iwwersetzungen
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen