Liichtjoer

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich

D'Liichtjoer ass d'Distanz, déi eng elektromagnetesch Well wéi d'Liicht an engem tropesche Joer am Vakuum zeréckleet. Dat si ronn 9,5 Billiounen (9,5 · 1012) Kilometer.

E Liichtjoer ass eng astronomesch Längeneenheet an net, wéi de Numm menge loosse kënnt, eng Zäiteenheet. Kuckt och: Astronomesch Moosseenheeten.

D'Liichtjoer ass am Internationalen Eenheetesystem zënter 1978 net méi zoulässeg. Trotzdeem gëllt et an der Astronomie als onverzichtbar a gëtt och weiderhin ugewand.

Eenheetenzeechen: Lj, ly
Dat normalt Formelzeechen: d (Ofstand vun der Äerd) oder l (als Gréisst vum Objeet)

Analog zum Liichtjoer existéieren d'Eenheeten Liichtsekonn Ls (ca. 300.000 km), Liichtminutt Lm (ca. 18 Millioune km) an d'Liichtstonn Lh (ca. 1,1 Milliarden km).

Vun der IAU exakt festgeluecht sinn:

  • eng Liichtsekonn (1 Ls) = 299.792,458 km (ca. 300 Millioune Meter),
  • eng Liichtminutt (1 Lm) = 17.987.547,48 km (ca. 18 Milliarde Meter),
  • eng Liichtstonn (1 Lh) = 1.079.252.848,8 km (ca. 1,1 Billioune Meter).
  • ee Liichtdag (1 Ld) = 25.902.068.371,2 km (ca. 26 Billioune Meter)

Demno ass e Liichtjoer (1 Lj):

  • 63240 AE (Astronomesch Eenheet),
  • 0,3066 pc (Parsec),
  • 9,461 · 1015 m, ronn 9½ Billiarde Meter (9,5 Petameter), oder méi genee:
    • 9,460 528 191 · 1015 m geméiss dem tropesche Joer (zu der Equinoxe J2000.0),
    • 9,460 536 207 068 016 · 1015 m geméiss dem gregorianesche Joer (exakt),
    • 9,460 730 472 580 8 · 1015 m geméiss dem julianesche Joer (exakt) an
    • 9,460 895 221 · 1015 m geméiss dem sideresche Joer (zu der Equinoxe J2000.0).

[änneren] Beispill

  • Eng Liichtsekonn entsprécht am Vakuum genee 299.792,458 km.
  • Eng Liichtminutt ass 17.987.547,48 km (17.987.547.480 Meter) laang.
  • Eng Liichtstonn ass 1.079.252.848,8 km (1.079.252.848.800 Meter) laang.
  • E Liichtjoer ass 9.460.528.000.000 km (9.460.528.000.000.000 Meter) laang.
  • D'Distanz tëschent der Äerd an dem Mound läit bei ca. 1,3 Liichtsekonnen.
  • Eis Äerd ass vun der Sonn am Duerchschnëtt ca. 500 Liichtsekonne bzw. 8,3 Liichtminutten ewech.
  • Eist Sonnesystem huet en Duerchmiesser vu ronn 150 Liichtstonnen.
  • De sonnennotste Stär, Proxima Centauri, ass ca. 4,2 Liichtjoer ewech.
  • Den Duerchmiesser vun eiser Galaxis, der Mëllechstrooss, ass ongeféier 100.000 Liichtjoer.
  • D'Distanz zum Andromedaniwwel ass ca. 2,5 Millioune Liichtjoer.
Perséinlech Tools