Astronomesch Moosseenheeten
Astronomesch Moosseenheeten gi gebraucht, fir de spezifesche Fuerderungen vun der Astronomie gerecht ze ginn. Den Ausdrock ass netz e verwiesselen mat der „Astronomescher Eenheet“, déi als Radius vun der Äerdbunn eng vun dëse Moosseenheeten duerstell.
Am Verglach zu den eis vertrauten (terrestreschen) Moosseenheete sinn d'Gréisstenuerdnungen an der Astronomie heefeg spréchwiertlech "astronomesch", an déi mënschlech Betruechtung fänkt un, ze versoen: D'Distanz vun eiser Sonn zum nächsten Stär (Proxima Centauri) ass z. B. ronn 40 Billioune Kilometer, eis Sonn weit ca. 1,9891·1030 kg. Et kann een dës Wäerter zwar mat aneren vergläichen, awer dobäi kënnt d'Gefill op, datt een dës Gréisstenuerdnung net versteet oder begräiffe kann.
Dofir gebraucht een an der Astronomie dacks Verbindungen zu bekannte Gréissten, fir eng einfach Vergläichsméiglechkeet ze kréien.
- Fir Distanzen ginn heefeg d'Liichtjoer (d'Streck, déi d'Liicht an engem Joer zréckleet) benotzt, eng Tatsaach, déi e Laien dacks irritéiert, well d'Bezeechnung „Joer“ op eng Zäitdauer schléisse léisst.
- D'Mass vu Stären, Planéiten oder aner astronomesch Objeten gëtt dacks a Villfachen vun der Mass anerer Objete uginn, z. B. an Eenheeten vun der Sonne- oder der Äerdmass.
- D'Angab vun engem Wénkel- an rotatiounsgebonnenen Koordinatesystemer an Zäiteenheeten, déi dem intuitiven Zougang zu der Rotatiounsdauer entgéintkommen, sou wéi den Dag vun der Äerd, also 24 Stonnen amplaz vun 360 Grad, z. B. Stärenzäit
θ = 1h 23m 45s.
Inhaltsverzeechnes |
Mass [änneren]
| Objet | Mass in kg |
Verhältnes zu der | |||
|---|---|---|---|---|---|
| Äerdmass | Sonnemass | ||||
| Äerdmound | 7,348•1022 | 1,230•10−2 | 3,694•10−8 | ||
| Äerd | 5,9736•1024 | 3,003•10−6 | |||
| Jupiter | 1,8986•1027 | 3,178•102 | 9,545•10−4 | ||
| Sonn | 1,9891·1030 | 3,330·105 | |||
Radius [änneren]
| Objet | Radius in km |
Verhältnes zum | ||
|---|---|---|---|---|
| Äerdradius | Sonneradius | |||
| Äerdmound | 1738 | 0,27 | 0,0025 | ¼ ‰ |
| Äerd | 6378 | ~0,01 | 1 % | |
| Jupiter | 71490 | ~11 | ~0,1 | 10% |
| Sonn | 659700 | ~100 | ||
- Dacks gëtt amplaz vu Radius (r) och den Duerchmiesser (d) gebraucht (d = 2•r).
Distanz [änneren]
Dës Astronomesch Eenheeten sinn am Internationalen Einheetesystem net zoulässeg. Trotzdeem gëllen si an der Astronomie als onverzichtbar a gi weiderhin gebraucht.
| Bezuchsgréisst | Wäert | Moosseenheet (Symbol) | weidere Verglach |
|---|---|---|---|
| mëttleren Ofstand Äerd/Sonn | 1,496·1011 m | 1 AE (Astronomesch Eenheet) | 8,3 Liichtminutten |
| Parallax | 3,086·1016 m | 1 pc (Parsec) | 206.264,8 AE = 3,2616 Lj |
| Liichtvitesse am Vakuum (siderescht Joer) (1) | 299.792.458 m/s | (c oder c0) | ca. 109 km/h |
| ca. 300.000 km | 1 Ls (Liichtsekonn) | 80 % Distanz Aërd–Äerdmound | |
| ca. 18 Mio. km | 1 Lm (Liichtminutt) | ca. 1/8 AE (Distanz Äerd–Sonn) | |
| ca. 1079 Mio. km | 1 Lh (Liichtstonn) | méi wéi de Bunnradius vum Jupiter | |
| 9,46 Billioune km = 63.240 AE = 0,3066 pc | 1 Lj (Liichtjoer) | ca. 1/4 vun der Distanz zum nächsten Stär (Proxima Centauri) |
(1) D'Vakuum-Liichtvitesse bezitt sech op e siderescht Joer. D'Liicht leet dofir am Vakuum an enger (SI-)Sekonn e bëssi manner wéi eng Liichtsekonn zréck.
Zäit [änneren]
No enger astronomescher Konventioun gëtt een
- Zäitpunkte an der Form
1h 23m 45s - Zäitdauer awer
1 h 23 m 45 s
D'Zäitangab mat ′ an ″ ass net üblech, fir eng Verwiesselung mat dem Stonnemooss ze ënnerdrécken.
Wénkel am Zäitmooss (Stonnemooss) [änneren]
| Stonnemooss(1) | Wénkel |
|---|---|
| 24 Stonnn (1 Dag) | 360° |
| 1 Stonn | 15° |
| 1 Minutt | 15' (Bouminutten) = 1/4° |
| 1 Sekonn | 15" (Bousekonnen) = 1/240° |
D'Duerstellungen 1h 23m 45s an 1ʰ23'45" sinn dobäi gläichbedeitend.
(1) Heibäi ass ze beuechten, wat fireen astronomechen Dag gebraucht gëtt: Sou gëtt d'Stärenzäit op de Stärendag bezunn, an entspriechend déi aner Zäiteenheeten. D'Angabe bezéie sech op äerdbezunne Koordinaten. Am allgemenge gëllt:
360° ≙ Rotatiounsdauer vum Koordinatesystem geméiss enger Referenz
Leeschtung [änneren]
Et gëtt weiderhin d'Konventioun, bestëmmte Leeschtungen doduerch z'erklären, datt ee se z. B. mat der Stralungsleeschtung vun der Sonn, enger ganzen Galaxis oder vum ganzen Universum vergläicht.
D'Sonneliichtkraaft ass definéiert als 