Liichtkraaft

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

An der Physik versteet een ënner der Liichtkraaft L déi pro Sekonn total ofgestahlten Energie, d. h. d'(Stralungs-) Leeschtung an alle Beräicher vum Spektrums. Si gëtt a Watt gemooss an an der Astronomie am Zesummenhang mat staarke Stralungsquellen an Eenheete vun der Sonneliichtkraaft uginn.

An der Astronomie ass d'Liichtkraaft eng Mooss fir d'Energieemissioun vun engem Stär a Form vun elektromagnetescher Stralung, déi vu senger Temperatur an dem Radius ofhängt. Si gëtt an der ofgestraalten Energiemeng pro Sekonn uginn. D'Liichtkraaft vun der Sonn kann duerch d'Bestëmmung vun der Solarkonstant direkt gemooss ginn.

Liichtkraaftklassen[änneren | Quelltext änneren]

D'Stäre ginn no hirer Liichtkraaft a Liichtkraaftklassen agedeelt.

Kuckt och: Hertzsprung-Russell-Diagramm, Haaptrei, Risestär

Liichtkraaft vun der Sonn[änneren | Quelltext änneren]

Duerch Miessung vun der Sonnenastralung, bei där sech déi mëttels Solarkonstant zu 1367 W/m² ergëtt, kann d'Liichtkraaft L vun der Sonn wéi folgt bestiëmt ginn:

An der Distanz R = 1 AE = 1,496•1011 m vum Sonnemëttelpunkt trëfft pro Sekonn op 1 m² Äerduewerfläch d'Energie 1367 J vun der Sonn an. Dës entstaamt vun enger winzeger Fläch vun der Sonnephotosphär

Déi gesamt Stralung vun der Sonn duerchsetzt awer net nëmmen d'Fläch 1 m², mä déi ganz Kugeluewerfläch O eng Kugel ëm d'Sonn mat dem Radius R = 1 AE

 O = 4\pi R^2 = 2{,}812 \cdot 10^{23}\,\mathrm{m}^2.

Op all Quadratmeter vun dëser Fläch trëfft pro Sekonn eng Energie vun 1367 J an. Den Energieofzuch vun der ganzer Sonnenuewerfläch pro Sekonn ass also

 L = O \cdot 1367\,\frac{\mathrm{J}}{\mathrm{m}^2\,\mathrm{s}} = 3{,}845 \cdot 10^{26}\,\mathrm{W} .

Dëst ass déi mëttel Liichtkraaft vun der Sonn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]