Risestär
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Hertzsprung-Russell-Diagramm:
Absziss: Faarfindex
Ordinate: absolut Hellegkeet
0, Ia, Ib: Iwwerrisen, II: Hell Risen , III: Risen , IV: Ënnerrisen , V: Haaptsequenz (Zwergen) , VI: Ënnerzwergen , VII: Wäiss Zwergen
Absziss: Faarfindex
Ordinate: absolut Hellegkeet
0, Ia, Ib: Iwwerrisen, II: Hell Risen , III: Risen , IV: Ënnerrisen , V: Haaptsequenz (Zwergen) , VI: Ënnerzwergen , VII: Wäiss Zwergen
E Risestär oder Iwwerris (oder och einfach nëmme Ris) ass e Stär mat iwwerduerchschnëttlech groussem Duerchmiesser an iwwerduerchschnëttlech grousser Liichtkraaft, deen am Hertzsprung-Russell-Diagramm (HRD) däitlech iwwert der Haaptrei läit.
Et ënnerscheet ee véier Arte vu Risen:
- Ënnerrisen, Stäre mat der Liichtkraaftklass IV. Si befanne sech am HRD tëschent dem Risenaascht an der Haaptrei.
- (Normal) Risen mat der Liichtkraaftklass III. Si maachen am HRD de Risenaascht.
- Hell Risen, Stäre mat der Liichtkraaftklass II. Si befanne sech am HRD iwwert den normale Risen.
- Iwwerrisen, Stäre mat der Liichtkraaftklass I. Opgrond vun hirer nach héijer Liichtkraaft leie si am HRD nach iwwert den helle Risen.
A spéide Spektralklasse läit de Stralungsmaximum vu Risen am roude Spektralberäich. Si ginn dofir an dësem Stadium och als Rout Rise bzw. Rout Iwwerrise bezeechent. Entspriechend bezeechent ee Risen a mëttleren oder fréie Spektralklassen als Giel oder Blo Risen.