Rouden Iwwerris

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Hubble-Foto vum rouden Iwwerris Betelgeuse.

Ee Rouden Iwwerris ass e Stär, deen um Enn vu senger Entwécklung ukomm ass a sech riseg opgebläht huet.

Hie gläicht engem Roude Ris, ass awer vill méi grouss a masseräich. Een Iwwerris kann déi 10- bis 50-fach Mass an e Radius kréien, deen 1000-mol méi grouss ass, wéi eis Sonn.

No dem Erreeche vum Dräi-Alpha-Prozess am Kär vum Stär léisst de Stralungsdrock no. D'Gravitatiounskräften iwwerweien an drécken dat Bannenzegt vum Stär zesummen, dat sech daduerch erhëtzt. Dëst féiert zu enger Ausdeenung vun de baussenzege Gasschichten, déi dobäi ofkillen, an d'Liicht haaptsächlech am roude Spektralberäich ofstralen. Déi absolut Hellegkeet vun engem Iwwerris kann -10M erreechen.

D'Stäre Betelgeuse an Antares si bekannt Rout Iwwerrisen. De Stär VY Canis Majoris huet 1800 bis 2100-mol den Duerchmiesser vun eiser Sonn.

Beispiller [änneren]

Numm Mass Radius Liichtkraaft
Antares (α Sco A) 15–18 M 820 R 90.000 L
Betelgeuse (α Ori A) 20 M 1000–950 R 135.000 L
Granatstär (μ Cep A) 25 M 1420 R 350.000 L
Rubinstär (119 Tau) 15–18 M 600 R 50.000 L
VV Cephei A 25–40 M 1900–1600 R 275.000–575.000 L
VY Canis Majoris 30–40 M 2100–1800 R 400.000–500.000 L

Kuckt och [änneren]