Betelgeuse (Stär)

Vu Wikipedia
Betelgeuse
α Orionis
Stärebild: Orion (Ori)
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 05h 55m 10.3052s
Deklinatioun + 07° 24' 25,426"
Visuell Magnitude + 0,3 bis 0,9 mag
Spektralklass: M1-2 Ia-Iab
Verännerleche Stärentyp My-Cephei-Stär
Astrometrie
Radialvitess: + 21,0 ± 0,9 km/s
Parallax 7,63 ± 1,64 mas
Distanz 427,28 Lj
Absolut Hellegkeet - 5,0 bis -5,3 mag
Physikalesch Eegenschaften
Mass: zirka 20 M☉
Radius: 662 R☉
Liichtkraaft: zirka 55.000 L☉
Uewerflächentemperatur 3450 K
Aner Bezeechnungen
ADS ADS 4506
Bonner Duerchmusterung BD +07°1055
Bright Star Catalogue HR 2061
Flamsteed-Bezeechnung 58 Orionis
Henry-Draper-Katalog HD 39801
Hipparcos-Katalog HIP 27989
SAO-Katalog SAO 113271
Tycho-Katalog TYC 129-1873-1
De Stär α Betelgeuse am Stärebild Orion

D'Betelgeuse, och α Orionis genannt, Synonymmen: Beteguex; Betelgeuze; Beteiguex; Beteigeuze; Al Mankib, ass e Stär am Stärebild Orion. Hie gëtt och de Schëllerstär vum Orion genannt.

Den Numm[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm staamt vum („Yad al-Jawzā“, „Hand vum Stärebild Zwilling“, „Hand vun der Risin“). Dësen Numm fënnt ee schonn am Buch vun de Fixstärekonstellatiounen vum arabeschen Astronom Abd ar-Rahman as-Sufi († 986).

Mat bloussem A gesäit een déi rout Faarf vum Stär, genee wéi och beim Planéit Mars. Si sinn allen zwéi mat Krich a Verbindung bruecht ginn. Well de Betelgeuse, deen éischte Stär vum Stärebild Orion ass, deen iwwer dem Horizont eropkënnt, gouf hien an der Antiquitéit och den „Ukënneger“ genannt.

Weider Bezeechnungen a verschiddene Sproochen a Kulturkreesser sinn:

  • Al Dhira (den Aarm),
  • Al Mankib (d'Schëller)
  • Al Yad al Yamma (déi riets Hand)
  • Ardra (Hindi),
  • Bahu (Sanskrit),
  • Bed Elgueze
  • Beit Algueze
  • Besn (op Persesch) (den Aarm),
  • Beteigeuze
  • Beteiguex
  • Betelgeuze (Bet El-geuze),
  • Betelgeza (Sloweenesch),
  • Betelguex
  • Gula (Euphratesch),
  • Ied Algeuze (Orions Hand),
  • Klaria (Koptesch) (Äermchen)
  • Yedelgeuse
  • 平家星 (Japan)(Heikeboshi De Stär vum Heike-Clan)[1],[2],

Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

De Betelgeuse ass e Risestär a gëtt am Hertzsprung-Russell-Diagramm an d'Klass vun de roude Risestären agedeelt. De Betelgeuse huet ongeféier de 600-fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn an huet ongeféier déi 10.000-fach gréisser Liichtkraaft. Vun eiser Äerd aus gesinn ass de Betelgeuse den zéngthellste Stär.

Dëse Stär ass vu groussem astronomeschen Interessi. Säi Radius war deen éischten, dee mat der Interferometrie bestëmmt gouf. Et huet sech erausgestallt, datt hien tëscht 290 Mio km a 480 Mio km variéiert. Doduerch verännert sech och d'Hellegkeet vum Betelgeus tëscht +0,3 an +0,6 m mat enger hallefreegelméisseger Period vun 2.070 Deeg (μ-Cephei-Typ). Hien ass nieft dem Mira deen eenzege Stär, dee vun der Äerd aus mat der haiteger Teleskoptechnik als Fläch observéierbar ass.

D'Distanzbestëmmung vum Betelgeuse huet sech wéi bei alle Stären, déi wäit ewech sinn, am Ufank als schwiereg erwisen. Laang Zäit ass gemengt ginn d'Distanz léich ëm 700 Liichtjoer. Eréischt mat Hëllef vum Satellit Hipparcos huet se sech méi genee op 430 Liichtjoer (131 Parsec) bestëmme gelooss. Neist Analyse vun Hipparcos-Daten deiten op eng méiglecherweis méi héich Distanz vu ronn 640 Liichtjoer (197 Parsec)[3].

Zukunft als Supernova[änneren | Quelltext änneren]

No gängeger Meenung vun Astronome wäert de Stär Betelgeuse als Supernova zu Enn goen. Iwwer den Zäitraum, wéini dat Ereegnes z'erwaarden ass, ginn d'Meenunge wäit auserneen: d'Zäitspan läit tëscht 1000 an 100.000 Joer.

Eng Supernova op der Betelgeuse wier op eiser Äerd immens hell ze gesinn a géif de ganzen Nuetshimmel iwwerstralen. Bei roude Rise vum Typ Betelgeuse kann ee bei enger Supernova duerchschnëttlech vun enger 16.000-facher Liichtkraaftsteigerung ausgoen. De Betelgeuse straalt am Moment mat ronn 0,5 mag um Stärenhimmel, bei enger Supernova géif déi visuell Hellegkeet −9,5 bis −10,5 mag erreechen, wat enger absolutter Hellegkeet vu −15,1 bis -16,1 entsprécht. Dat ass d'Liichtkraaft vum Hallefmound.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Betelgeuse – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "en:Daijirin" p.2327 ISBN:4385139024
  2. en:Hōei Nojiri"Shin seiza jyunrei"p.19 ISBN: 9784122041288
  3. Graham M. Harper, Alexander Brown, and Edward F. Guinan, A New VLA-Hipparcos Distance to Betelgeuse and its Implications, The Astronomical Journal 135, 4 (Abrëll 2008), pp. 1430–1440. Zesammefaassung