SAO-Katalog

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich

Den SAO-Katalog (Smithsonian Astrophysical Observatory Star Catalog) ass e Stärekatalog vum Smithsonian Astrophysical Observatory. Hie gouf ëm 1966 fir d’astrometresch Ausmiessunge vu Fotoplacken a fir d’Satellitengeodäsie opgestallt. De Katalog enthält 259.000 Stären mat der Standard-Equinoxe 1950.0 bis erof op schäinbar Hellegkeet 9m.

De Katalog gouf aus de beschten deemools bestoende Quellen zesummegestallt (AGK1- an AGK2-Kataloge, FK4, General Catalogue GC, Cape Zone an e puer aner Stärekataloge) an hat um Nordhimmel Genauegkeeten ëm 0,5", am Süden eppes manner.

Dat véierbännescht Wierk gëtt duerch e Saz vun 152 Stärekaarten vergréissert, déi den ganzen Himmel iwwerlappend an 20×20°-Deeler duerstellen. Si sinn genee am Moossstaf vu spezielle Satellitenkameraen geplottet.

An der neitster Editioun ass d’Equinoxe vun den Positiounsdaten J2000.0. Den SAO-Katalog enthält schonn zënter der éischter Editioun d’Stärenummeren am HD- a BD-Katalog souwéi Eegebeweegunge vun alle Stären. Dohir kann hien ausser fir Astrometrie a Geodäsie och villen aneren Zwecken déngen, ë.a. fir Stellarstatistik bis zeréck an dat 19. Joerhonnert.

D’Nimm am SAO-Stärekatalog fänken mat der Buschstawefolg SAO un, an hale mat enger Nummer op. D’Nummeren ginn an 18 10°-Bänner zougewisen, woubäi d’Stäre bannescht engem Band no Rektaszensioun opgelëscht sinn.

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools