Henry-Draper-Katalog

Vu Wikipedia

Den Henry-Draper-Katalog ass en astronomesche Stärekatalog mat Date vu Positiounen an Spektraltyppe vun 225.300 Stären. Déi doran enthale Stäre gi mat der Ofkierzung HD an enger Nummer vum Stär datéiert; de Polarstär huet beispillsweis d'Bezeechnung HD 8890.

De Katalog gouf fir d'éischt tëscht 1918 an 1924 vum Annie Jump Cannon an hire Mataarbechter um Harvard College Observatoire ënner der Opsiicht vum Edward Charles Pickering a 9 Bänn erausginn. Hie gouf zu Éiere vum Henry Draper genannt, deem seng Wittfra dat noutwendegt Geld fir d'Finanzéierung gestallt hat. Am Joer 1949 gouf de Katalog ëm weider 133.783 op am Total 359.083 Stäre vergréissert.

D'Stären am Katalog hunn eng mëttel visuell Magnitude bis erof op 9m, wat ongeféier 50-mol méi schwaach wéi de liichtschwächsten, mat bloussem A nach siichtbare Stär ass. Et sinn dofir duerchschnëttlech Objete fir Amateurteleskopen, awer hell Stäre fir professionell Instrumenter. De Katalog deckt de ganzen Himmel of a kann ausserdeem als déi éischt groussugeluecht Ustrengung gëllen, d'Spektraltyppe vun de Stären ze katalogiséieren.

HD-Katalognummere kréien haut Stären déi keng Bayer- an och keng Flamsteed-Bezeechnung hunn. D'Stäre mat den Nummeren 1 bis 225300 kommen aus dem Originalkatalog a sinn an der Reiefolg vun hirer Rektaszensioun fir d'Epoch 1900.0 enthalen. Stären am Beräich 225301 bis 359083 sinn aus der Erweiderung vum Katalog vun 1949. Fir déi lescht gi geleeëntlech d'Ofkierzung HDE (HD extension) gebraucht, wéinst der Eendeitegkeet vun der Nummeréierung awer meeschtens och nëmmen HD.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie