Henry Draper

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Henry Draper.

Den Henry Draper, gebuer de 7. Mäerz 1837 zu Prince Edward County, Virginia; gestuerwen den 20. November 1882 zu New York City war en US-amerikanesche Physiolog an Astronom.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Draper huet als jonke Borscht sengem Papp, dem John William Draper bei der Hierstellung vu Fotoe mat mikroskopesche Preparater fir e Léierbuch gehollef. Hie studéiert Medezin a gouf am Joer 1861 Professer vun der Physiologie an analytescher Chimie op der Universitéit New York. Am Joer 1867 huet hien d'Mary Anna, geb. Palmer bestuet.

Vu Jugend op, huet hien d'Astronomie als Hobby bedriwwen a gouf ee vun de Pionéier vun der Astrofotografie an der Spektrographie. Am Joer 1857 besicht hien op enger Europarees de privaten Observatoire vum Lord Rosse an Irland mat dem 72-Zoll-Teleskop. Am Joer drop huet hien ugefaangen e Spigelteleskop ze bauen, speziell fir Fotoen ze maachen. De Spigelteleskop hat en Duerchmiesser vu 40 cm. Hien a säi Brudder, den Daniel hunn zesummen um Grondstéck vum Papp hire Privatobservatoire opgeriicht. Seng detailléiert Beschreiwung vun der Optikhierstellung (e versëlwerte Glasspigel) an d'Montéierung erschéngt 1865 bei der Smithsonian Institution a gouf zu engem Standardwierk fir Optiker. Am Joer 1870 huet hien nach e méi grousst Teleskop gebaut.

No engem Juegdausflug an de Rocky Mountains, hat hie sech béiss erkaalt an ass iwwerraschend op der Héicht vu senger Carrière gestuerwen.

Leeschtungen[änneren | Quelltext änneren]

Nieft senger - erfollegräicher - haaptberufflecher Aarbecht als Physiolog huet hie bunnbriechend Leeschtungen als Astronom gemaach: Hie fotograféiert 1872 als Éischten de Spektrum vun engem Stär, an zwar dat vun der Vega. Am Joer 1880 geléngt et him als Éischten, eng Foto vun engem Stäreniwwel (Orionniwwel) ze maachen. D'Konstruktioun vum Gitterspektrograph staamt vun him. Den Draper huet doriwwer eraus d'Element Waasserstoff op der Sonn nogewisen.

Weider Éischtleeschtunge sinn de Spektrogramm vun engem Koméit an eng Wäitwénkelfoto vum ganze Koméiteschwäif (Koméit Tebbutt vun 1881), Spektrogramme vum Äerdmound an de Planéite Venus, Mars a Jupiter a schliisslech dee vum Orionniwwel. Déi zu dëser Zäit vun engem mechaneschen Auerwierk ugedriwwe Mechanik fir d'Noféierung vum Teleskop gouf vun him staark verbessert. Sou goufen Astrofotoe mat Beliichtungszäite vun iwwer dräi Stonne méiglech. Weider huet hien och Monographien iwwer Teleskopkonstruktioun a Spektrographie a Fachzäitschrëfte publizéiert.

Seng Fra huet no sengem Doud e groussen Deel vun hirem Ierwen dem Harvard-Observatoire gestëft („Henry Draper Memorial Fund“). Heimat konnt d'Editioun vun engem ëmfangräiche Stärekatalog (néng Bänn, 1918-1925) finanzéiert ginn. Dëse gouf vum Annie Cannon an dem Edward C. Pickering erstallt an huet iwwer 350.000 Stäre mat hire Spektralklassen opgelëscht.

Nom Draper benannt ass d'„Draper-Klassifikatioun“ vun de Stärespektren, dem Henry-Draper-Katalog, d'Henry Draper Medal fir besonnesch Leeschtungen um Gebitt vun der Astrophysik souwéi e Moundkrater.

Commons: Henry Draper – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie