Annie Jump Cannon

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Annie Jump Cannon

D'Annie Jump Cannon gebuer den 11. Dezember 1863 zu Dover, Delaware, USA ass gestuerwen den 13. Abrëll 1941 zu Cambridge, Massachusetts, USA. Si war eng US-amerikanesch Astronomin a Physikerin. Bekannt gouf si duerch de Mierksaz Oh, Be A Fine Girl - Kiss Me!, dee Generatioune vun Astronomen d'Reiefolleg vun de Spektralklasse bäibruecht huet.

D'Cannon war déi eelst vun dräi Duechtere vum Wilson Cannon, engem Schëffbauer a Senator aus Delaware, a senger Fra Mary Jump.

Um Wellesley College huet d'Annie Physik an Astronomie studéiert an huet ugefaange mat spektroskopesche Versich bei de Stären.

No hirem Ofschloss ass si fir ee Joerzéngt an den Delaware zeréckkomm. No dem Doud vun hirer Mamm 1894 huet si zu Wellesley als Léierin geschafft an huet Astronomie zu Radcliffe studéiert. Am Joer 1896 huet si beim Edward Charles Pickering um Harvard College Observatoire mat astronomescher Datereduktioun ugegefaangen.

Duerch d'Viraarbecht vun der Nettie Farrar, der Williamina Fleming, der Antonia Maury, an hirer Gedold geléngt hir d'Anuerdnung vun de Spektrallinne vun de Stäre an d'Spektralklassen O, B, A, F, G, K, M etc.

D'Annie Cannon publizéiert och e Katalog mat verännerleche Stären.

Hir Carrière ass an eng Zäit gefall, an där Unerkennung vu Fraeleeschtungen an der Wëssenschaft ëmmer méi grouss gouf. Si krut ë. a. en Éierendoktertitel zu Oxford a gouf an d'American Astronomical Society opgeholl.

[änneren] Kuckt och

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen