Wëssenschaft
D'Wëssenschaft besteet aus Fuerschung a Léier. Wëssenschaftlech Fuerschung ass d'methodesch Sich no neien Erkenntnesser. D'Resultater ginn a wëssenschaftlechen Aarbechten systematesch duergestallt a verëffentlecht, soudatt se prinzipiell vu jiddwerengem novollzunn an iwwerpréift kënne ginn. D'Léier ass déi organiséiert a systematesch Iwwerliwwerung vun de Grondlage vum wëssenschaftleche Fuerschen an d'Vermëttlung vun engem Iwwerbléck iwwer den aktuelle Fuerschungsstand.
Inhaltsverzeechnes |
Wëssenschaftsbetrib [änneren]
Wëssenschaft gëtt traditionell op Universitéite geléiert a praktizéiert. Awer och Akademien, privat finanzéiert Fuerschungsinstituter, Berodungsfirmen an d'Wirtschaft finanzéieren d'Aarbecht vu ville Wëssenschaftler. A ville Länner gëtt et staatlech Hëllefen.
Niewent de wëssenschaftleche Verëffentlechungen geschitt den Austausch mat anere Fuerscher duerch Fachkonferenzen a bei Kongresser vun internationalen Daachverbänn. Och Aluedungen zu Seminaren, Institutsbesich, Aarbechtsgruppen oder Gaaschtprofessure spillen eng Roll. Vu grousser Bedeitung sinn och Auslandsopenthalter an international Fuerschungsprojekter.
Fir déi interdisziplinär Fuerschung gouf an de leschte Jorzéngten eng Rei vun Instituter opgebaut, an deenen industriell an universitär Fuerschung zesummeschaffen. Vill Entreprisen hunn eege Fuerschungsarichtungen, an deene Grondlagefuerschung bedriwwe gëtt.
Bedeitung [änneren]
D'Resultater vun der Fuerschung sinn eng Grondlag vun der Technik an domat indirekt vu Bedeitung fir dat modernt gesellschaftlecht Liewen.
Wëssenschaftlech Wäerter [änneren]
Grondwäert vun der Wëssenschaft ass d'Striewen no der Wourecht. E wichtegt Prinzip, fir dat ze realiséieren, ass déi kritesch Haltung géigeniwwer eegenen a frieme Resultater an Thesen. E weidert Prinzip ass déi méiglechst wäitgehend Neutralitéit vum Fuerscher. D'Fuerschung soll méiglechst net duerch aner Interesse wéi d'Wouregkeetssich geleet ginn. Entwéckelt d'Wëssenschaft Theorien, déi net intersubjektiv nopréifbar sinn, gëtt si eng Pseudowëssenschaft. Léisst si sech zum Spillball vu politeschen oder finanziellen Interesse maachen, schwätzt ee vun Junk Science.
Wëssenschaftsfuerschung [änneren]
D'Wëssenschaftsfuerschung versicht am Géigesaz zu der Wëssenschaftstheorie d'wëssenschaftlech Praxis mat empiresche Methoden ze ënnersichen an ze beschreiwen. Dobäi kommen ënner anerem Methoden vun der Wëssenschaftssoziologie an der Scientometrie zum Asaz. D'Resultater vun der Wëssenschaftsfuerschung hunn am Kader vun der Evaluatioun och Afloss op wëssenschaftspolitesch Entscheedungen.
Wëssenschaftsberäicher [änneren]
Et existéiere verschidden Systematiken zu der Andeelung vun de Wëssenschaften, z. B. Dewey Decimal Classification. Fréier Autoren hu geschwat vun engem Bam vun der Wëssenschaft souwéi d'Ënnerdeelung an Eenzelwëssenschaften an Universalwëssenschaft. Eng bekannt graff Andeelung ënnerscheet d'Naturwëssenschaften, d'Humanwëssenschaften an d'Strukturwëssenschaften.
Doniewent gëtt et beräichsiwwergräifend Disziplinnen, déi eng Mëschung vu verschiddene Fachgebidder sinn, z. B.: d'Wirtschaftsinformatik, déi niewent engem Kär eegen Inhalter, ënner anerem och Deeler aus Informatik, Mathematik, Wirtschaftswëssenschaften a Kommunikatiounswëssenschaften huet.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Wëssenschaft – Biller, Videoen oder Audiodateien |