Royal Astronomical Society
D'Royal Astronomical Society (RAS) huet als Astronomical Society of London am Joer 1820 ugefaangen. Fir d'astronomesch Fuerschung ze ënnerstëtzen, déi zu där Zäit méi vun Amateurastronomen ewéi vu professionelle bedriwwe gouf, gouf si 1831 duerch de Kinnek William IV. als Royal Astronomical Society nei gegrënnt. Zënter 1915 sinn och Fraen als Member zougelooss. Si ass déi englesch Memberorganistioun vun der International Astronomical Union an ass Member vum Science Council.
Inhaltsverzeechnes |
Publikatiounen[änneren]
Eng vun den Haaptaktivitéite vun der RAS ass d'Verëffentlechung vu wëssenschaftlechen Zäitschrëften. Si verëffentlecht z.Z. zwou weltwäit féierend Fuerschungszäitschrëften, d'MNRAS an der Astronomie an, an der Geophysik, zesumme mat der Deutschen Geophysikalischen Gesellschaft (GJI), d'A&G. Béid Zäitschrëfte bréngen, op Héichglanzpabeier, Iwwersiichts- an aner Artikele vun allgemengem Interessi eraus. Déi vollstänneg Lëscht vun de Zäitschrëften, déi vun der RAS verëffentlecht ginn, steet hei, mat hiren Ofkierzunge vun der NASA ADS a bibliographeschem Code:
- Memoirs of the Royal Astronomical Society (MmRAS): 1822 – 1978
- Monthly Notices of the Royal Astronomical Society (MNRAS): zënter 1827
- Geophysical Supplement to Monthly Notices (MNRAS): 1922 – 1957
- Geophysical Journal (GeoJ): 1958 – 1987
- Geophysical Journal International (GeoJI): zënter 1988
- Quarterly Journal of the Royal Astronomical Society (QJRAS): 1960 – 1996
- Astronomy & Geophysics (A&G): zënter 1997
Memberen[änneren]
Membere vun der RAS ginn Fellows (Kärelen) genannt a kënne FRAS als Nummzousaz féieren. D'Memberschaft ass fir jiddereen iwwer 18 Joer op, deen der Gesellschaft akzeptabel erschéngt. D'Zuel vun de Memberen huet am Joer 2003 vir d'éischt déi 3000 iwwerschratt.
Sëtzungen[änneren]
D'Gesellschaft organiséiert regelméisseg all Mount Diskussiounssëtzungen iwwer Themen aus der Astronomie an der Geophysik, déi normalerweis all zweete Freideg am Mount vu September bis Juni zu London ofgehale ginn.
Zesummen mat der Geological Society of London, ënnerstëtzt d'Gesellschaft déi British Geophysical Association.
Presidenten[änneren]
Den éischte President vun der Royal Astronomical Society war den Wilhelm Herschel, deen allerdéngs ni eng Sëtzung geleet huet. Zënterhier ass dëse Poste vu ville gudden Astronome bekleet ginn.
Déi lescht Presidenten:
- 1992 Martin Rees
- 1994 Carole Jordan
- 1996 Malcolm Longair
- 1998 David Williams
- 2000 Nigel Weiss
- 2002 Jocelyn Bell Burnell
- 2004 Kathryn Whaler
Besonnesch fréier Presidenten:
- John Herschel
- George Airy
- Arthur Cayley
- John Couch Adams
- Charles Pritchard
- William Lassell
- James Glaisher
- George Darwin
- Edward Stone
- Arthur Eddington
- Edward Arthur Milne
- William McCrea
- Fred Hoyle
Medailen[änneren]
Déi héchst Auszeechnung vun der Royal Astronomical Society ass d'Goldmedail. Ënner de bekannteste Präisdréier ass den Albert Einstein 1926 an de Stephen Hawking 1985.
Aner Auszeechnunge sinn d'Eddington-Medail, d'Herschel Medail, d'Chapman-Medail, d'Price-Medail an d'Jackson-Gwilt-Medail.
Kuckt och[änneren]
Um Spaweck[änneren]
- The Royal Astronomical Society
- Complete list of Gold Medal recipients
- Astronomy & Geophysics
- Geophysical Journal International
- Monthly Notices of the Royal Astronomical Society
- The British Geophysical Association
| Commons: Royal Astronomical Society – Biller, Videoen oder Audiodateien |