Stephen Hawking

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stephen Hawking

De Stephen William Hawking CH, CBE, FRS, FRSA, gebuer den 8. Januar 1942 zu Oxford, ass en engleschen Astrophysiker.

De Stephen Hawking huet bedeitend Aarbechten zur Kosmologie geliwwert. Hien huet sech virun allem um Gebitt vun der Physik vun de Schwaarze Lächer beschäftegt. Duerch seng populärwëssenschaftlech Bicher iwwer modern Physik ass hien och engem gréisserem Publikum bekannt ginn.

Am Joer 1963 gouf beim Hawking Amyotrophe Lateralsklerose (ALS) diagnostizéiert. Et handelt sech wahrscheinlech ëm eng chronesch juvenil ALS, déi duerch en extrem laange Krankheetsverlaf gekennzeechent ass. Zanter 1968 ass hien op e Rollstull ugewisen. Duerch eng Tracheotomie 1985 huet hien d'Fäegkeet verluer, fir ze schwätzen. Fir déi verbal Kommunikatioun gebraucht hien e Sproochcomputer, dee mat sengem rietse Bakemuskel gesteiert gëtt.

Wëssenschaftlech Aarbechten[änneren | Quelltext änneren]

De Stephen Hawking huet säi Bachelorstudium un der Universitéit Oxford am Joer 1962 ofgeschloss. E wéineg méi spéit ass hie vun Trinity Hall op d'Universitéit Cambridge gewiesselt, wou hie seng Promotioun iwwer theoretesch Astronomie a Kosmologie ugefaangen an am Joer 1966 fäerdeg gemaach huet. No senger Dokteraarbecht gouf hie Research Fellow a spéider Professorial Fellow am Gonville and Caius College un der Universitéit Cambridge.

Berühmt gouf hien an den 1960er Jore fir de Bewäis – zesumme mam Roger Penrose – vun der noutwendeger Existenz vu Singularitéiten an der Allgemenger Relativitéitstheorie ënner allgemenge Viraussetzungen. Fir dës Aarbecht krut hien 1966 den Adams Prize vun der Universitéit Cambridge. Hien ass dann an d'Institut fir Theoretesch Astronomie zu Cambridge gewiesselt, wou hie bis 1973 bliwwen ass. Duerno huet hien am Institut fir applizéiert Mathematik an Theoretesch Physik geschafft an huet mat senger quantenmechanescher Interpretatioun vu Schwaarze Lächer ugefaangen.

1974 huet hien d'Konzept vun der „Hawking-Stralung“ entwéckelt, no deem Schwaarz Lächer an der Quantefeldtheorie (jee no Mass vum schwaarze Lach méi oder wéineger séier) zerstralen. Bildlech kann een sech dëst als Folleg vun der Vakuumpolarisatioun virstellen: am Vakuum gi stänneg Deelchen-Antideelchen-Koppelen produzéiert an et gëtt eng effektiv Stralung, wann ee vun dësen Deelercher am schwaarze Lach verschwënnt, dat anert awer entkënnt.

An den 1980er Joren huet den Hawking zesumme mam Jim Hartle en Zougank zu der Quantegravitatioun an hirer Kosmologie iwwer eng euklidesch Weeintegralformuléierung entwéckelt.

Den Hawking ass Member op Liewenszäit vun der Peepstlecher Akademie vun de Wëssenschaften [1].

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • mam George Ellis The Large Scale Structure of Spacetime, Cambridge 1973
  • Hawking on the Big Bang and Black Holes, World Scientific 1993 (Sammlung vu senger wëssenschaftlecher Aarbecht)
  • General Relativity: An Einstein Centenary Survey (Edit., zesumme mam W. Israel), Cambridge 1979, doran Hawking The path integral approach to quantum gravity
  • Quantum Cosmology, Les Houches Lectures 1984
  • Quantum Mechanics of Black Holes, Scientific American Februar 1977
  • The Edge of Spacetime, in Davies (Hrsg.) The New Physics 1989
  • The occurence of singularities in cosmology 1-3, Proceedings of the Royal Society, A, Band 294, 1966, S. 511, Band 295, 1966, S. 490, Band 300, 1967, S. 107
  • mam Roger Penrose The singularities of gravitational collapse and cosmology, Proceedings of the Royal Society A, Bd. 314, 1970, S. 529-548
  • Particle Creation by black holes, Communications in Mathematical Physics Bd.43, 1975, S.199
  • Eine kurze Geschichte der Zeit (Original: A brief history of time, 1988), rororo 1991, ISBN 3-499-60555-4.
  • Einsteins Traum. Expeditionen an die Grenzen der Raumzeit (Original: Black Holes and Baby Universes and Other Essays), rororo 1996, ISBN 3-499-60132-X.
  • Eng sechsdeeleg BBC-Serie (300 Minutten am total), 1997 (däitsch Titelen dorënner)
    • Deel 1: Sehen ist Glauben,
    • Deel 2: Am Anfang von Raum und Zeit
    • Deel 3: Kosmische Alchemie
    • Deel 4: Der Joker: Dunkle Materie
    • Deel 5: Schwarze Löcher und noch darüber hinaus
    • Deel 6: Eine Antwort auf alles
  • mam Roger Penrose Raum und Zeit, rororo 2000, englesch The Nature of Space and Time Princeton 1996 (getrennte Virliesunge vu Penrose an Hawking)
  • Das Universum in der Nussschale. (Original: The Universe in a Nutshell), vergréissert nei Editioun Dtv 2003, ISBN 3-423-33090-2
  • Hawking – Die Suche nach dem Anfang der Zeit (TV-Film, Groussbrittannien 2004, ARTE, Regie: Philip Martin)
  • Die kürzeste Geschichte der Zeit, Rowohlt 2005.
  • Der geheime Schlüssel zum Universum, cbj-Verlag (e wëssenschaftliecht Kannerbuch, geschriwwe mat senger Duechter Lucy Hawking), 2007, ISBN 978-3-570-13284-5.

Literatur über Stephen Hawking[änneren | Quelltext änneren]

  • Hubert Mania (Hg): Das große Stephen-Hawking-Lesebuch, Rowohlt, Reinbek 2003. ISBN 3-498-04488-5.
  • Michael White, John Gribbin: Stephen Hawking − Die Biographie, Rowohlt, Reinbek 1995. ISBN 3-499-19992-0.
  • Rüdiger Vaas: Hawkings neues Universum − Wie es zum Urknall kam, Kosmos, Stuttgart 2008. ISBN 978-3-440-11378-3.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Stephen Hawking – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Mason, Michael: "Alliance, Many of the greatest minds of science meet regularly in Vatican City to counsel the pope on the hot topics of the day'". Discover Magazine, September 2008, S.43.
  2. Prizes, Awards & Fellowships