American Physical Society
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D´American Physical Society (APS; Amerikanesch physikalesch Societéit) ass eng amerikanesch Societéit vz Physiker, déi den 20. Mee 1899 gegrënnt gouf a sech zum Ziil gesat huet, d´Wëssen ëm d´Physik virunzedreiwen an ze vergréisseren. Si huet ronn 40.000 Memberen.
Zënter 1913 publizéiert d´Societéit d´Fachzäitschrëft Physical Review. An der Tëschenzäit fungéiert d´American Institute of Physics als Editeur; d´Zäitschrëft selwer gouf a verschidde Deelberäicher opgegliddert.
Zënter 1953 vergëtt si all Joer den Oliver E. Buckley Condensed Matter Prize fir exzellent Aarbechten fir d´Erfuerschung vun der kondenséierter Matière.
2005 huet d´APS eng féierend Roll bei der amerikanescher Bedeelegung um Joer vun der Physik iwwerholl.