New York City

Vu Wikipedia
New York City
Big Apple
Fändel
Sigel
Land USA
Bundesstaat New York
County Manhattan,
Brooklyn,
Queens,
Bronx,
Staten Island
Fläch 1.213,369839 km²
Awunner 8.804.190 (1. Abrëll 2020)
Héicht 11 m
Zäitzon Eastern Time Zone,
UTC−5,
UTC−4
Buergermeeschter Bill de Blasio (1. Januar 2014)
Koordinaten 40°38'N, 74°3'W

New York ass mat méi wéi 8 Milliounen Awunner bevëlkerungsméisseg déi gréisst Stad vun de Vereenegte Staaten. Fir se vum Bundesstaat New York, zu deem si gehéiert, z'ënnerscheeden, gëtt se och nach New York City genannt.

Hiert Gebitt vun 800,31 Quadratkilometer begräift déi fënnef Stadbezierker ("boroughs") Manhattan, Bronx, Brooklyn, Queens a Staten Island. D'Metropolregioun New York ass mat iwwer 20 Milliounen Awunner op 27.084 Quadratkilometer ee vun de wichtegste Wirtschaftsraim vun der Welt. D'Stad huet vill kuckeswäert Plazen a Gebaier, 500 Gallerien, ronn 150 Muséeën, méi wéi 100 Theateren, an eppes méi wéi 17.000 Restauranten.

Si ass eng vun de gréissten Handelsplaze vun der Welt an ass de Sëtz vu villen internationale Konzernen an internationalen Organisatiounen, wéi d'Vereent Natiounen. Si huet e groussen Hafen a genéisst Weltruff als Stad vun der Konscht an der Kultur.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Andeelungen[änneren | Quelltext änneren]

Déi 5 boroughs vun New York:
(1) Manhattan,
(2) Brooklyn,
(3) Queens,
(4) The Bronx,
(5) Staten Island

D'Stad ass a fënnef Stadbezierker agedeelt: Manhattan, Brooklyn, Queens, Bronx, Staten Island.

Manhattan (New York County) huet 1.564.798 Awunner an eng Landfläch vu 59,5 km². D'Gemeng besteet haaptsächlch aus der Insel Manhattan Island(déi vum Hudson River am Westen, vum East River am Osten und vum Harlem River am Nordosten ëmfloss gëtt), wéi och kleng Inselen, Roosevelt Island, Belmont Island, Governors Island, an engem klenge Stéck Festland, Marble Hill. Marble Hill war bis zum Bau vum Harlem River Ship Canal am 19. Joerhonnert en Deel vu Manhattan Island.

Brooklyn (Kings County) huet 2.472.523 Awunner an ass domat déi meeschtbevëlkert Gemeng an New York. Si läit am Südoste vun der Stad, um westlechen Enn vu Long Island an huet eng Fläch vun 182,9 km². De Staddeel Brooklyn ass no der hollännescher Stad Breukelen genannt a gouf 1898 bei New York City agemengt.

Queens (Queens County) huet 2.225.486 Awunner an huet eng Fläch vun 282,9 km², de fënneftgréisste Staddeel vun New York. Et läit am Weste vun der Insel Long Island. Queens gouf den 1. November 1683 gegrënnt, wéi d'Kolonie New York a Countryen agedeelt gouf. 1898 koum dëse Staddeel bei d'Gemeng New York bäi. Ënner anerem leien do déi zwéi gréisst Fluchhäfe vun New York, den John F. Kennedy International Airport an de LaGuardia Airport.

Bronx (Bronx County) huet 1.363.198 Awunner an huet eng Fläch vun 108,9 km². Déi fréier eegestänneg Stad ass zanter dem 1. Januar 1874 déi nërdlechst Gemeng vun New York. D'Bronx gouf nom Jonas Bronck, engem Auswanderer aus dem haitege Schweden an den éischte Siidler an deem Gebitt, benannt. Bronx ass den eenzegen Deel vun New York deen um Festland läit.

Staten Island (Richmond County) huet 459.737 Awunner an huet eng Landfläch vun 151,5 km². Et läit am Südweste vun der Insel Manhattan a westlech vu Brooklyn. D'Insel ass mat Brooklyn iwwer d'Verrazano-Narrows-Bréck verbonnen. Am Norden gëtt d'Insel vum schmuelen Arthur Kill a vum Kill van Kull vum Bundesstaat New Jersey getrennt. Den héchste Punkt op der Insel ass den Todt Hill an ass och zugläich den héchste Punkt a ganz New York.

Klima[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad läit an der temperéierter Klimazon. D'Wieder gëtt staark vun de kontinentale Landmassen am Weste beaflosst. De Summer ass allgemeng tropesch waarm an de Wanter kal.

D'Temperatur geet am Juli an August dacks iwwer 30 °C, dozou kënnt eng héich Loftfiichtechkeet mat dacks Schliet oder Wiederen, déi d'Summerwieder dacks ganz onangenehm maachen. Am Januar kënnen d'Wäerter op bis zu -20 °C falen, woubäi et dacks zimmlech sonneg ass. Heiansdo bréngt Mieresloft (the Northeasters – den Nordostwand) Fiichtechkeet vum Atlanteschen Ozean mat, sou wéi och staarke Wand an heftege Reen a Schnéi.

D'durchschnëttlech Jorestemperatur läit bei 12.5 °C an et falen an der Moyenne 1.071 Millimeter Reen. De wäermste Mount am Joer ass de Juni mat durchschnëttlech 24,7 °C and de keelsten ass de Januar mat durchschnëttlechen -0.4 °C. Dee meeschte Reen fält am Juli mat 104 mm am Durchschnëtt an de Mount mam mannste Reen ass de Januar mat 81 mm am Durchschnëtt.

Déi héchst jee gemoossen Temperatur läit bei 41 °C an déi deifst bei -26 °C.

D'Waassertemperatur op der New Yorker Küst schwankt tëscht durchschnëttlech 3 °C an 23 °C.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: New York City – Biller, Videoen oder Audiodateien