Vega (Stär)
D'Vega, α Lyrae, ass den Haaptstär vum Stärebild Lyra (Leier).
D'Vega mécht zesumme mat den Haaptstäre vun de Stärebiller Cygnus an Aquila dat sougenannte Summerdräieck. Dëse Stär ass de Nullpunkt vun de photometresche Systemer an der Astronomie, a mat der Spektralklass A0 Liichtkraaftklass V definitiounsgeméiss och Nullpunkt vum astronomesch-photometresche Faarwesystem. Den Numm Wega bedeit "erofstoussenden (Adler)". Aner Nimm sinn "Wega", "Fidis" an "Harp Star".
- Visuell Magnitude: 0,04 mag
- Absolut Hellegkeet: 0,58
- Rektaszensioun (Equinoxe J2000.0): 18 h 36 m 56,30 s
- Deklinatioun (Equinoxe J2000.0): +38° 47' 01,0"
- Spektraltyp: A0V
- Uewerflächentemperatur: 9553 ± 111 K
- Liichtkraaft: ca. 56 fach Liichtkraaft vun eiser Sonn
- Distanz: 25,3 Lj
- Duerchmiesser: 2,734 fachen Sonnenduerchmiesser oder 3,8 Millioune km
- Mass: ca. 2,5 - 3 Sonnemassen
Fuerschunge mat dem Interferometer CHARA vum Mount-Wilson-Observatoire a Kalifornien hunn erginn, datt d'Vega um Equator ëm 2500K méi kal ass ewéi op de Polen. D'Ursaach, datt d'Temperaturen op de Polen 10150K an um Equator 7650K bedroen, läit un der séierer Rotatioun ëm d'Polachs bannen 12,5 Stonnen. Wéinst där Rotatioun ass de Polduerchmiesser géintiwwer dem Equatorduerchmiesser ëm 23% ofgeplatt. Doduerch, datt déi polar Fläch vill méi no um waarme Stärekär ass, léisst sech deen Temperaturënnerscheed erklären. Deen Effekt gëtt als Schwéierkraaft-Ofdonklung bezeechent.
D'Vega ass mat engem Alter vun ongeféier 300 Millioune Joer en zimlech jonke Stär. Zënter enger gewësser Zäit ass bekannt, datt ronderëm d'Wega eng Gas- a Stëbswollék ass, deemno e Stäresystem, dat eisem Sonnesystem gläicht.
D'Vega war den éischte Stär, ofgesinn vun eiser Sonn, vun deem Fotoe gemaach goufen. 1850 hunn de William Cranch Bond an den John Adams Whipple um grousse Refrakter vum Harvard College Observatoire eng Daguerreotypie vun der Wega gemaach.
Wéinst der Prezessiounsbewegung vun der Äerd, weist d'Äerdachs an 14000 Joer a Richtung Vega. Awer d'Vega wäert ni esou no beim Himmelspol stoe, wéi fir de Moment de Polarstär.
Literatur [änneren]
- I. Ridpath, W. Tirion: Der große Kosmos-Himmelsführer, Franckh-Kosmos Verlag, 1987, ISBN 3-440-05787-9
Kuckt och [änneren]
- ABC vun de Stären
- Gréisst Stären
- Noost Stären
- Hellst Stären
- Verännerlech Stären
- Hallefregelméisseg verännerlech Stären
- Konstellatioun
- Hyperris
- Summerdräieck
- Deneb (Stär)
- Altair
| Commons: Vega – Biller, Videoen oder Audiodateien |