Metallizitéit

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Metallizitéit, d. h. d'Metallheefegkeet, ass eng an der Astrophysik allgemeng Bezeechnung fir d'Heefegkeet vun de schwéiere chemeschen Elementer an de Stären. Als „Metall“ ginn dobäi, meeschtens all Elementer ouni Waasserstoff an Helium bezeechent. Rar ginn dorënner och d'Elementer vum Kuelestoff un, also mat enger Kärluedzuel vu méi grouss oder gläich sechs, verstanen.

Schwéier Elementer goufen am Universum eréischt duerch Kärreaktiounen an de Stäre geformt (d'Nukleosynthes), dowéinst hänkt d'Metallizitéit enk mat der Gebuertszäit vun engem Stär zesummen. Stäre mat niddreger Metallizitéit (Populatioun II) sinn an engem fréien Entwécklungsstadium vum Universum entstanen, wéi eréischt e puer „Metaller“ do waren. Stäre mat héijer Metallizitéit si méi spéit aus de mat schwéieren Elementer ugeraicherter „Äsche“ vu fréiere Stäregeneratiounen entstanen (Populatioun I).

D'Elementer Lithium, Beryllium a Bor, mat de Kärluedungszuelen tëscht deenen vum Helium a Kuelestoff, si wahrscheinlech net an de Stären entstanen, mä – ausser dem kosmologeschen Undeel vu Lithium-7 – e Produit vu Kärspléckungsprozesser vu schwéieren Elementer duerch kosmesch Stralung am interstellare Gas a ginn scho bei relativ niddregen Temperaturen vu wéinege Millioune Kelvin zerstéiert.

Als Mooss fir d'Metallizitéit gëtt dacks eng eenzeg Zuel uginn, déi d'Elementheefegkeet vun alle schwéieren Elementer relativ zu den Heefegkeete vun der Sonn bezeechent. Well sech d'Elementer am Universum gläichfërmeg uräicheren, geet dat fir normal Haaptreiestären duer. An der Sonn ass d'Verhältnes tëscht Eisen a Waasserstoff ongeféier 1:31.000. Dacks gëtt eent, op d'Sonn norméiert, logarithméiert Verhältnes vun der Absorptionslinnestäerkt vun Eisen a Waasserstoff uginn:

 [\mathrm{Fe}/\mathrm{H}] = \lg{\left(\frac{N_{\mathrm{Fe}}}{N_{\mathrm{H}}}\right)} - \lg{\left(\frac{N_{\mathrm{Fe}}}{N_{\mathrm{H}}}\right)_{\odot}}

Déi Zuel läit bei Stären aus eiser Galaxis ongeféier tëscht −5,4 an +1, woubai nëmmen déi eelst Stäre vun der Populatioun II e Wäert am Beräich vu -5 erreechen an der nëmme wéineg dovu bekannt sinn. Laangjärege Spëtzereider war de Stär CD−38°245, deem seng Metallizitéit 1984 mat −4.0 bestëmmt gouf. Dat bedeit, datt säi Gehalt vun Eisen 10.000-mol méi kleng ass wéi dee vun eiser Sonn. 2002 gouf du mat dem HE 0107−5240 e Stär mat dem Wäert vu −5,2 entdeckt. Am Moment ass de Rekord beim Stär HE 1327−2326 mat engem Wäert vu −5,4, wat en Eisegehalt vun engem 250.000stel vum solare Wäert bedeit. Allerdéngs huet dee Stär iwwerraschenderweis e groussen Undeel vun aneren Elementer wéi Natrium, Magnesium, Titan a virun allem Strontium. Normalerweis gi bei sou Stären och d'Heefeghkeet vun aneren Elementen, wéi Thorium, Uran, Iridium a Kuelestoff bestëmmt, wat fir d'Altersbestëmmung an d'Kategoriséierung vum Stär gebraucht ka ginn.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bradley W. Carroll, Dale A. Ostlie, An Introduction to Modern Astrophysics, 1996, S. 920f, ISBN 0-321-21030-1

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Spektrum der Wissenschaft September 2008, S.24-32, Anna Frebel, Auf der Spur der Sterngreise