Beryllium

Vu Wikipedia
Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Eegenschaften
Lithium - Beryllium - Bor
 
Be
Mg  
 
 
[He]2s2
9
4
Be

Beryllium (Symbol Be) ass e cheemescht Element mat der Uerdnungszuel 4 am Periodesystem vun den Elementer.

Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

Beryllium

D'relativ Atommass vu Beryllium ass 9,012182. D'Elektronestruktur ass 1s22s2, wat also bedeit datt Beryllium 2 Elektronen an der baussenzeger Schuel huet. D'Dicht bedréit 1.85 g/cm3 an de Radius vum Ion 0,31 Å. De Schmëlzpunkt läit bei 1283 Grad Celius an de Kachpunkt bei 1500 Grad Celius (bei 5mm Hg Drock). Beryllium kristalliséiert ënner der Form Hexagonal Kompakt. D'Perimeter vun der Maille sinn:

  • a = 2.286 Å
  • c = 3.583 Å
  • c/a = 1.568

Beryllium ass relativ oxidationbestänneg obschonn d'Formatioun een Delta H vu -143.1 Kcal/mol huet. Dat bedeit also datt d'Formatioun vum Oxid net ënner thermodynamescher Kontroll steet mä ënner Kinetescher. Eng Erklärung ass datt de Volume vum neie Moleküll BeO (an och BeO2) méi grouss ass wei de Volume vu Be an dat doduerch ee Film op der Uewerfläch gebilt gëtt deen de Rescht vum Beryllium schützt.

Ee vun den Haaptënnerscheeder mat den anere Äerdmetaller gëtt aus der Ioniséierungsenergie, och Ioniséierungspotential genannnt, däitlech:

Element Éischt Ionisatioun Zweet Ionisatioun
Be 9,32 eV 18,21 eV
Mg 7,644 eV 15,03 eV
Ca 6,111 eV 11,87 eV
Zn 9,311 eV 17,89 eV

Et gesäit een also datt de Beryllium eng relativ héich éischt an zweet Ionisatiounsenergie brauch. Et gesäit een och eng gewëssen Änlechkeet mam Zénk. Willemit (Zn2SiO4) ass ganz änlech mat Phenacite (Be2SiO4).

Dës Änlechkeet mam Zénk läit un der Elektonekonfiguratioun ([Ar]3s23p63d10).

Beryllium ass den Ion 2+ deen am meeschte Waassermolekülle nieft sech sammele kann, wat op seng héich Charge par Rapport zum Radius vum Ion zeréckzeféieren ass. (cf. Acta Physicochim URSS, 8, 1938, p385).

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Kenntnesser vum Element sinn 2000 v. Chr. ze fannen duerch Edelsteng Beryl, Emerod an Aquamarin. Mä eréischt am Joer 1798 huet den Nicolas Louis Vauquelin Beryl als Oxid isoléiert. Hien huet dobäi Follgendes festgestallt: den Oxid ass net vill aneschers wéi Aluminiumoxid, huet e séisse Goût, ass an Ammoniumkarbonat léisslech a beschleunegt sech net mat Kaliumoxalat oder Tartrat. 1828 gouf den haitegen offiziellen Numm Beryllium international unerkannt.

Ref: Vauauelin, L. N., Ann. Chim. Phys., 26 (1798) 155

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Beryllium – Biller, Videoen oder Audiodateien