Bonner Duerchmusterung

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Déi Bonner Duerchmusterung (BD) ass e Stärekatalog op der Grondlag vu visuelle Stäremiessunge vum nërdleche Stärenhimmel, déi de Friedrich Wilhelm August Argelander am Observatoire vun der Universitéit Bonn gemaach hat. Si goufen tëscht 1852 an 1862 mat Ënnerstëtzung vum Adalbert Krüger an dem Eduard Schönfeld duerchgefouert.

Am Total goufe ronn 325.000 Stären am Deklinatiounsberäich tëscht 89° an -2° bis zu der Gréisst 9.5 (deelweis bis 10) vermooss. Als Instrument dofir huet ee vum Fraunhofer hiergestallte Koméitesicher mat 7,7 cm Ëffnung a 65 cm Brennwäit gedéngt. D'Rektaszensioun ass op 0,1 Sekonnen, d'Deklinatioun op 0,1 Wénkelminutten an d'visuell Visuell Magnitude op 0,1 mag genee berechent. D'Uertsdate bezéie sech op d'Equinoxe 1855.

Den Eduard Schönfeld gouf am Joer 1875 Nofolger vum Argelander als Direkter um Bonner Observatoire. Tëscht 1875 an 1881 huet hien d'Bonner Duerchmusterung ëm de südlechen Deel vun deene grad nach vu Bonn siichtbare Stäre vergréissert. Déi Südlech Duerchmusterung huet zousätzlech weider 133.659 Stären.

An der Zäit vun 1892 bis 1914 gouf um Observatoire Córdoba (Argentinien) d'Vergréisserung bis zum südlechen Himmelspol an Ugrëff geholl. D'Córdoba-Duerchmusterung huet weider ronn 578.000 Stären.

Déi „dräi Duerchmusterunge“ maachen e systematesche Katalog vun iwwer enger Millioun Stäre bis knapps zéngt Gréisst. Si ass déi lescht grouss Lëscht mat visueller Observatioun aus der Zäit virun der fotografescher Himmelskartographéierung.

An der Bonner Duerchmusterung hunn d'Stäre fortlafend Nummere ktitt nom Schema „Deklinatioun“ „lafend Nummer“. Sou huet z. B. de Stär Betelgeuse - nom Schema vum Johannes Bayer „Alpha Orionis“ – d'Bezeechnung BD +7° 1055. Dat bedeit: den 1055ste Stär op 7° nërdlecher Breet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie