Stärekatalog
An engem Stärekatalog ginn an der Astronomie d'Stären opgelëscht. Wéinst hirer riseger Zuel sinn déi meescht Stären einfach iwwer Katalognummere referenzéiert. Et gëtt eng ganz Rei verschidde Stärekatalogen, déi am Laf vun de Joren zu verschidden Zwecker opgestallt goufen. Dësen Artikel féiert e puer vun deenen heefegsten op. Déi meescht Katalogen aus jéngster Zäit kënne vum Astronomical Data Center vun der NASA oder op anere Plazen erofgeluede ginn.
Inhaltsverzeechnes |
Historesch Katalogen [änneren]
Obschonns e schonns laang net méi vun eeschten Astronomen gebraucht gëtt, soll een de Stärekatalog vum Ptolemäus nennen. En ëmfassst 1022 Stären, déi vun Alexandria aus ze gesi sinn, an am 2. Joerhonnert n. Chr. als Deel vu sengem Almagest publizéiert goufen. Et war fir iwwer dausend Joer de Standardkatalog an der westlacher an arabescher Welt. De Katalog baséiert zu engem gewësse Grad op engem fréieren vum Hipparch aus dem 2. Joerhonnert v. Chr. Een nach méi ale Katalog war dee vum Timocharis vun Alexandria, deen ëm 300 v. Chr. geschriwwen a spéider vum Hipparch gebraucht gouf.
Zwéi Systemer, déi an historesche Katalogen agefouert goufen, ginn och haut nach agesat. D'Bayer-Bezeechnungen aus dem Stärekatalog Uranometria vu 1603 vum Johannes Bayer, bei deenen déi hell Stäre vun all Stärebild mat griichesche Buchstawe bezeechent goufen, z. B. γ Orionis oder κ Lyrae.
Eppes méi wéi honnert Joer spéider sinn 1712 d'Flamsteed-Bezeechnungen aus der Historia coelestis Britannica vum John Flamsteed gefollegt, an deenen amplaz vun de griichesche Buchstawen Nummere gebraucht goufen. Déiselwecht Beispillstären heeschen hei 24 Orionis an 1 Lyrae.
De Bayer an de Flamsteed hunn nëmmen e puer dausend Stäre verzeechent, déi all mat bloussem A siichtbar sinn. Theoretesch sollten also Kataloge fir de ganzen Himmel déi aner Stären oplëschten. Well et allerdéngs alleng an der Mëllechstrooss Milliarde vu Stäre gëtt, ass dëst net ze realiséieren. Dofir gëtt an dëser Aart vu Kataloge meeschtens versicht, jiddwer Stär opzeféieren, dee méi hell wéi eng virgeschriwwen visuell Magnitude ass.
Kataloge fir de ganzen Himmel [änneren]
Henry-Draper-Katalog (HD/HDE) [änneren]
Den Henry-Draper-Katalog vum Harvard College Observatoire gouf a néng Bänn tëschent 1918 a 1924 publizéiert a stellt déi éischt groussugeluechten Ustrengung duer, och d'Spektralklasse vu Stären ze katalogiséieren. Hien deckt de ganzen Himmel of an enthält 225.300 Stäre bis erof zu enger visueller Hellegkeet vu 9m. 1949 gouf de Katalog ëm weider 133.783 op 359.083 Stäre vergréissert. D'Positiounsdate bezéie sech all Kéier op d'astronomesch Epoch 1900.0.
D'Stären dora gi mat der Ofkierzung HD, gefollegt vun der Nummer vum Stär, referenzéiert, z. B. HD 185037. Och bei de Stäre vum Erweiderungskatalog (HDE, HD extensioun) gëtt meeschtens HD gebraucht, well déi zousätzlech Stären eendeiteg nummeréiert sinn. HD-Nummere ginn haut heefeg fir Stäre gebraucht, déi keng Bayer- oder Flamsteed-Bezeechnung hunn.
SAO-Katalog [änneren]
De Katalog vum Smithsonian Astrophysical Observatory (SAO-Katalog) gouf ëm 1965 fir d'Satellitegeodesie an der Standard-Epoch 1950.0 opgestallt. Hie besëtzt 250.000 Stäre bis erof op 9m aus verschiddene Quellen. Dofir besteet eng grouss Iwwerlappung mat dem HD-Katalog. Um Nordhimmel huet hie Genauegkeeten déi besser wéi 1" sinn. Ee Saz vu bal 200 Stärekaarte vervollstännegt dat 4-bännegt Wierk.
An der neiester Ausgab ass d'Equinoxe vun de Positiounsdaten J2000.0. Den SAO-Katalog enthält eng zousätzlech wichteg Informatioun, déi den HD-Katalog net huet; nämlech d'Eegebewegung vun de Stären. Dofir gëtt dëse Katalog dacks geholl, wann dëst vu Bedeitung ass. An der leschter Faassung sinn ausserdeem déi entspriechend Nummeren am HD- a BD-Katalog uginn.
D'Nimm am SAO-Katalog fänke mat der Buchstawefolleg SAO un an ende mat enger Nummer. D'Nummere ginn an uechtzéng 10°-Bänner zougewisen, woubäi d'Stäre bannent engem Band no Rektaszensioun opgefouert sinn.
Bonner, Südlech, Córdoba a Cape Photographic Duerchmusterung (BD/SD/CD/CPD) [änneren]
D'Bonner Duerchmusterung an hir nächst Editioune waren déi ëmfaassendst Kataloge, ier d'Fotografie zu deem Zweck agefouert gouf.
D'Bonner Duerchmusterung (BD) selwer gouf vum Friedrich Wilhelm August Argelander, Adalbert Krüger an dem Eduard Schönfeld tëschent 1852 a 1859 publizéiert. Si besëtzt 324.198 Stäreplazen an der Equinoxe 1855.0.
Well si bal nëmmen de nërdleche Stärenhimmel ofgedeckt huet, gouf si 1886 duerch déi Südlech Duerchmusterung (SD) mat 120.000 Stären an 1892 duerch d'Córdoba-Duerchmusterung (CD) mat mach emol 580.000 Stären erweidert. Am Joer 1896 koum d'Cape Photographic Duerchmusterung (CPD) mat nach eng Kéier 450.000 Stären.
Astronomen zéien an der Regel d'HD-Bezeechnung vun engem Stär vir, well an him och spektroskopesch Informatiounen enthale sinn. Well awer d'Duerchmusterunge wiesentlech méi Stären enthalen, ginn dës eeler Bezeechnunge geleegentlech geholl, wa kee Vermierk am HD-Katalog existéiert.
An den Duerchmusterungskataloge gi Stäre mat den Initiale vum jeeweilege Wierk (BD, SD, CD, CPD), gefollegt vun der Deklinatioun a Grad an enger weiderer Nummer ausgezeechent. Déi lescht Nummer ass méi oder wéineger willkürlech, well et zu jiddwer Deklinatiounswénkel dausende vu Stäre gëtt. Beispiller fir dës Aart vu Bezeechnung si BD+50°1725 oder CD-45°13677.
[änneren]
Den USNO-B1.0 ass e Katalog vun de Fuerscher vum United States Naval Observatory, dee fir 1.042.618.261 Objete d'Plaze, Eegebewegunge, visuell Magnitude bei verschiddene Wellelängte an Ofschätzunge dofir enthält, ob et sech ëm e Stär oder Galaxis handelt, ermëttelt aus 3.643.201.733 Eenzelobservatioue. D'Date goufen duerch Katalogiséierung vun 7435 Schmidt-Placke gewonnen, déi bei verschiddene Duerchmusterunge am Laf vun de leschte 50 Joer opgeholl goufen.
Vum USNO-B1.0 hëllt een un, datt hien de ganzen Himmel bis erof op 21m ofdeckt, mat enger Genauegkeet vun 0,2" entspriechend der Equinoxe J2000.0 an enger Genauegkeet vun 0,3m bei der photometrescher Hellegkeetsmiessung a bis zu fënnef Faarwen huet souwéi 85% Genauegkeet bei der Ënnerscheedung vu Stäre vun net stellaren Objeten.
Weider Katalogen [änneren]
- Bright Star Catalogue (HR)
- Positions and Proper Motions (PPM): Katalog vum Astronomesche Recheninstitut Heidelberg
- Tycho an Tycho-2 (TYC, TYC2): 1.058.322 Stäre bis 11,5m bzw. 2.557.501 bis 12m, déi am Kader vum Hipparcos-Projet (kuckt ënnen) erfaasst goufen.
- Guide Star Catalog (GSC)
- USNO CCD Astrograph Catalog (UCAC)
Spezialkataloge [änneren]
Spezialiséiert Kataloge zilen net drop fir all Stäre vum Himmel opzelëschten, mä d'Stäre resp. Himmelskierper vun engem bestëmmten Typ, wéi z. B. Verännerlech Stären, Duebelstäre oder ganz no Stären.
Aitken-Duebelstärekatalog (ADS) [änneren]
A sengem Katalog New general catalogue of double stars within 120 deg of the North Pole vu 1932 féiert de Robert Grant Aitken 17.180 Duebelstäre vun -30° bis 90° Deklinatioun op.
Gliese (Gl) a Gliese-Jahreiß (GJ) [änneren]
De Katalog vum Wilhelm Gliese (Gl), spéider mam Hartmut Jahreiß (GJ), huet d'Zil, all Stäre bannen vu 25 Parsec ëm d'Äerd ze erfaassen. Hie goudf e puer Mol vergréissert:
- Catalogue of Nearby Stars (Katalog vu noe Stäre, 1969, Gliese): déi zweet Editioun mat de Nummere vun 1.0 bis 965.0. Fir d'Ënnerscheede vun de Stäre zu der éischter Editioun goufen hei Dezimalpunkte agesat. De Katalog selwer gëtt och als CNS2 bezeechent, awer net an Zesummenhank mat de Katalognummeren.
- Extension of the Gliese catalogue (Erweiderung vum Gliese-Katalog, 1970, Woolley, Epps, Penston und Pocock): Nummer 9001 bis 9850.
- Nearby Star Data Published 1969-1978 (Daten vu noe Stären, publizéiert 1969–1978, 1979, W. Gliese and H. Jahreiß): Mat de Nummeren 1000 bis 1294 sinn no Stäre bezeechent, mat 2001 bis 2159 Stären, wou ee mengt, datt se no sinn.
- Preliminary Version of the Third Catalogue of Nearby Stars (Virleefeg Versioun vum drëtte Katalog vu noe Stäre, 1991, Gliese a Jahreiß): Nummer 3001 bis 4388.
Obschonns lescht genannte Versioun vum Katalog als »virleefeg« bezeechent gouf, ass si ëmmer nach am Gebrauch (September 2001) a gëtt och CNS3 genannt. De Katalog huet 3803 Stären, vun deenen déi meescht schonns GJ-Nummere haten, awer och 1388 neier. E Beispill fir en bereits allgemeng bekannte Stär aus dëser »inoffizieller« Faassung ass GJ 3021, dee vun engem Planéit (Exoplanéit) GJ 3021 b ëmkreest gëtt.
Hipparcos (HIP) [änneren]
Den Hipparcos-Katalog gouf aus Date vum astrometresche Satellit Hipparcos vun der Europäescher Weltraumorganisatioun ESA zesuammegestallt, dee tëschent 1989 a 1993 am Asaz war. De Katalog gouf 1997 publizéiert an huet 118.218 Stäre an eemoleger Prezisioun - duerchschnëttlech ±0,003". De Katalog ass och wéinst senger Parallaxemiessunge interessant, déi akkurater sinn wéi vun Observatoiren um Bueden, a wéinst de Miessunge vu Radialvitessen.
Fundamentalkataloge [änneren]
A sougenannte Fundamentalkataloge sinn d'Positioune an Eegebewegunge vu Stäre verzeechent, déi iwwer laang Zàiträim genee vermooss goufen. Si leeën ee besonnesch, absolut Koordinatesystem fest, d'Fundamentalsystem, dat engem Inertialsystem entsprëcht.
Dës „Fundamentalstäre“ gi fir verschidden Arte vu Miessunge agesat, bei deenen eng héich absolut Genauegkeet verlaangt ass, z. B. fir geographesch Breet, Lotrichtung oder d'Uertszäit. Dem Katalog FK3 (1937) ass 1963 den duebel sou groussen FK4 vum Astronomesche Recheninstitut Heidelberg mat 1535 Stäre gefollegt a 1988 de Fundamentalkatalog FK5. Zënter 2000 ass dee mat Hipparcos wiesentlech verbesserten FK6 mat 3300 Stären am Asaz.
Weider Kataloge [änneren]
- General Catalogue of Variable Stars (GCVS): 68.179 Verännerlech Stären
- Washington Double Star Catalog (WDS): 83.211 Duebelstär
- Yale Parallax Catalogue (1952): 5822 Stäre mat Miessgenauegkeet (ground based) ± 0.01‘‘
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
¨