FK5
Den FK5 (Fifth Fundamental Catalogue) ass dee wichtegste Fundamentalkatalog vun de leschte 15 Joer an definéiert bis ronn 2010 dat himmlescht Koordinatesystem.
De Katalog déngt der Astronomie an der Geodesie zënter 1988 als déi geneeste Realiséierung vun engem Bezuchssystem fir d'Koordinate Rektaszensioun (ofgekierzt RA oder α) an Deklinatioun (ofgekierzt Dec oder δ). Mat senge Basiskonstante ass hien och e preziist Modell fir Aufgaben am Planéitesystem, souwéi als Inertialsystem fir extragalaktesch Astronomie.
Den FK5 huet 1535 Fundamentalstären (d.h. op mannst 0,05" genee vermoosse Stäre) an 3.117 Supplementstären opgelëscht (vergréissert, publ. 1991). Dës Stäreplaze ginn aus Dosende Virgänger-Kataloge ermëttelt, souwéi mat neie relativen an absolute Methode vun der Astrometrie. D'Miessunge vu verschiddenen Epochen goufen op zwou vereenegt Null-Epochen 1950,0 an 2000,0 transforméiert.
Déi 1.535 Stäre ginn op de Virgängerkatalog FK4 (Heidelberg 1963), an op weider 3.115, eppes manner genee bestëmmte Stären zréck. Zesumme weise si eng bal homogen Verdeelung a Genauegkeet (besser wéi 0,05") iwwer de ganzen Himmel op.
Am System sinn och genee Eegebewegunge vun all Stär dran. Si berouen deelweis op Miessungen déi bis 100 Joer zréckginn, soudatt d'Positiounen e puer Joerzéngte an d'Zukunft an an d'Vergaangenheet ëmgerechent kënne ginn.
Si bezéie sech mat grousser Prezisioun op en Inertialsystem. Et huet misse beim Iwwergank vum FK4 nëmmen ëm ongeféier 0,01 Sekonnen geännert ginn.
Déi folgend Tabell weist e puer Kennwäerter vum FK5, seng zwéi Virgänger FK3 an FK4, souwéi de satellitegestëtzten (relativen) Hipparcos-Katalog:
| Kuerznumm | Stärenzuel | Offizielle Numm | publ. Joer | Miessung | |
|---|---|---|---|---|---|
| Plazen | Eegebewegungen | ||||
| FK3 | 873 | Drëtte Fundamentalkatalog | 1937 | 1912–15 | |
| FK3sup | +662 | (Zousazstären, Band II) | 1938 | Ø 1913 | 1845–1930 |
| FK4 | 1535 | Fourth Fundamental Catalogue | 1963 | Ø 1950 | |
| FK4sup | 1111 | Supplement Stars FK4/5 | ~1965 | ||
| FK5 | 1535 | Fifth Fundamental Catalogue | 1988 | Ø 1975 | |
| FK5sup | 3117 | Supplement Stars of FK5 | 1991 | ||
| Hipp. | 118000 | Hipparcos-Katalog | 1998 | 1989–93 | 1989–1993 |
--> Zu der Tabell uewen:
Den Hipparcos- ass kee Fundamentalkatalog am strenge Sënn, mä gouf nëmmen dem FK5-System genee ugepasst.