Adalbert Krueger

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Adalbert Krüger)
Adalbert Krueger
Gebuer 9. Dezember 1832
Gestuerwen 21. Abrëll 1896
Kiel
Nationalitéit Kinnekräich Preisen
Educatioun Universitéit Bonn
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser
Member vun Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Sächsesch Akademie vun de Wëssenschaften, Sächsesch Akademie vun de Wëssenschaften

De Karl Nikolaus Adalbert Krueger, gebuer den 9. Dezember 1832 zu Marienburg a gestuerwen den 21. Abrëll 1896 zu Kiel war en däitschen Astronom.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Krueger huet zu Berlin studéiert, wou hie Member vum Corps Marchia war. Seng wëssenschaftlech Lafbunn huet hien als Assistent an Observateur am Observatoire zu Bonn am Joer 1853 ugefaangen, wou hie mam Argelander déi Bonner Duerchmusterung vum Stärenhimmel ausgeschaft huet. Hie krut duerno eng Professur fir Astronomie. Ee vu senge Studente war säi spéideren Edem Heinrich Kreutz.

1862 gouf hien an den Observatoire vun Helsingfors beruff, deen hien dann bis 1876 grleet huet. Weider bedeelegt hie sech 1869 un der Zonenaarbecht vun der Astronomescher Gesellschaft, der Vermiessung vun alle Stären a bestëmmten Himmelsberäicher. De Krueger huet d'Zonenobservatioune tëscht dem 55. a 65. Grad nërdlecher Deklinatioun iwwerholl. Dozou huet hien en achtfoussegt Reichenbachsches Passageninstrument agesat.

1876 gouf hie Nofollger vum Peter Andreas Hansen (gestuerwen 1874) um Observatoire Gotha. Hie konn säi bis dohi benotzt Instrument matbréngen an an de relativ neien Observatoire abauen. Vun 1877 bis 1878 gouf hie vu sengem Assistent Andreas Severin Donner ënnerstëtzt, deen uschléissend vum Leo de Ball ofgeléist gouf.

Am Observatoire vu Gotha gouf intensiv observéiert an d'Resultater spéider als Catalog von 14 480 Sternen zwischen 54° 55' und 65° 10' nördlicher Declination an an de béide Bänn Zonenbeobachtungen der Sterne zwischen 55 und 65 Grad nördlicher Declination angestellt an den Sternwarten zu Helsingfors und Gotha publizéiert.

De Krueger gouf 1879 zum President vun der astronomescher Gesellschaft gewielt. 1880 gouf hie zum Member vun der Royal Astronomical Society zu London gewielt.

1880 huet de Krueger Gotha verlooss, well hie mat sengem Akommens net auskoum. Hie gouf du Professer fir Astronomie un der Universitéit Kiel an Direkter vum Observatoire vu Kiel. Hei huet hien d'Publikatioun vun den Astronomische Nachrichten, enger Fachzäitschrëft fir d'Astronomie, fortgesat.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie