European Space Agency

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'European Space Agency (ESA) ass déi europäesch Weltraumorganisatioun mat Sëtz zu Paräis (Frankräich).

D'ESA gouf den 30. Mee 1975 gegrënnt fir eng besser Koordinéierung vun den europäesche Raumfaartaktivitéiten ze kréien. D'ESA huet 17 Memberstaaten. 2003 ware 1.780 Mataarbechter beschäftegt.

Si ass d'Nofollegorganisatioun vun ELDO an der ESRO. Wéi déi Organisatiounen ass och d’ESA op den Artikel II vun hirem Satut „ausschléisslech fir friddlech Zwecker“ an der Raumfaart begrenzt.

D'ESA ass zesumme mat der NASA Grënnungsmember vum Consultative Committee for Space Data Systems (CCSDS).

De Jean-Jacques Dordain ass zënter 2003 Generaldirekter vun der ESA.

Arianefamill vun der ESA

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Sëtzer

Doniewent bedreift d'ESA och nach Büroen an den USA, a Russland an an der Belsch.

[änneren] Memberstaaten

ESA Memberstaaten / Partnerländer / Kooperatiounsverträg

Zu de Grënnermembere vun 1975 gehéieren:

Weider Memberstaate sinn:

Ausserdeem besti Kooperatiounsverträg mat Kanada an anere Länner.

D'ESA ass net d'Raumfaartbehörd vun der EU. Si ass eng vëlleg eegestänneg Organisatioun, déi awer eng gutt Verbindung mat der EU huet. D'Bezéiunge ginn ënner anerem duerch d'ESA/European Commission Framework Agreement gereegelt.

15 vu 17 Membersstaaten déi bei der ESA sinn, sinn och gläichzäiteg Member vun der Europäescher Unioun. Dat bedeit erëm, datt e puer EU Staaten (2007: 12 vu 27) wéi zum Beispiel Polen net Member bei der ESA sinn. Momentan bedeelege sech och folgend Länner un enger Kooperatioun mat der ESA:

[änneren] Finanzéierung

2006 2,904 Mrd Euro
2005 2,977 Mrd Euro
2004 2,7 Mrd Euro
2003 2,677 Mrd Euro[1]
2003 2,993 Mrd Euro

D'ESA gëtt iwwer Staatsbudgete vun de Membersstaate finanzéiert. D'Undeeler vun den eenzelne Staate riichte sech no dem Bruttoinlandsprodukt vum jeeweilege Staat.

De Budget vun der ESA huet am Joer 2005 ongeféier 2,977 Milliarden Euro bedroen. (vgl. NASA: ca. 15 Mrd. Dollar). Fir d’Joer 2006 gëtt mat ongeféier 2,904 Milliarden Euro gerechent. Déi dräi gréisste Geldgiewer si Frankräich (2005: 29,3%), Däitschland (22,7%) an Italien (14,2%) a bréngen zesumme ronn zwéin Drëttel vum ganze Budjet op. Déi gréissten Ausgabe falen op dem Gebitt vun den Drorakéiten un, wat en Undeel vun 22% ausmécht.

[änneren] Projeten

D'Drorakéite vun der ESA heeschen Ariane, déi no um Equator zu Kourou (Franséisch-Guyana) gestart ginn. De Rakéitestart an der direkter Ëmgéigend vum Equator bitt prinzipiell Virdeeler géigeniwwer anere Startplazen op der Nord- oder Südhallefkugel. Duerch d'Äerdrotatioun huet d'Rakéit do schonns déi op der Äerdueweerfläch maximal vermëttelt Grondvitesse a brauch net esouvill Dreifstoff, fir op déi am Orbit gebrauchte Vitesse ze kommen. Déi neiste Generatioun ass d’Ariane 5. Fir kleng Notzlaaschten gëtt d'Drorakéit Vega entwéckelt. Am Moment entsteet en neien Ofschosskomplex am franséische Guyana. Am Joer 2008 solle vun do och Rakéite vum Typ Sojus-2 starten. Dat gëtt dann deen éischte Start vun enger Sojus-Rakéit, deen net zu Baikonur oder Plesetsk ass.


ESA Satellitten a Raumsonden

COS-B (1975)GEOS 1 a GEOS 2 (1977, 1978)Meteosat (1977–1997)IUE (1978)EXOSAT (1983)Giotto (1985)Olympus (1989)Hipparcos (1989)Hubble (1990)Ulysses (1990)ERS 1 an ERS 2 (1991, 1995)EURECA (1992)ISO (1995)SOHO (1995)Huygens (1997)XMM-Newton (1999)Cluster (2000)Artemis (2001)Proba (2001)Envisat (2002)MSG 1 an MSG 2 (2002, 2005)Integral (2002)Mars Express (2003)SMART-1 (2003)Double Star (2003)Rosetta (2004)SSETI Express (2005)CryoSat (2005)Venus Express (2005)Galileo (20052008)ASTRO-F (2006)METOP-A (2006)CoRoT (2006)GOCE (2007)SMOS (2007)Herschel (2008)Planck (2008)ADM-Aeolus (2008)HYLAS (2008)LISA Pathfinder (2009)CryoSat-2 (2009)SWARM (2010)Gaia (2011)ExoMars (2013)BepiColombo (2013)JWST (2013)LISA (2015)Darwin (2015)Solar Orbiter (2015)Mars Sample Return (fréistens 2016)


[änneren] Referenzen

  1. http://www.space.com/spacenews/archive03/vehiclesarch_020303.html
Commons: ESA – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen