EXOSAT
| EXOSAT | |
|---|---|
| Typ | Fuerschungssatellit |
| Land | Europa |
| Agentur | ESA |
| Apogeum | 191.709 km |
| Perigeum | 347 km |
| Bunnschréiegt | 72,5° |
| Bahnëmlafzäit | 90,6 |
| Mass | 510 kg |
| Ofmiessungen | 3,2 x 2,1 m |
| Start | 26. Mee 1983 |
| Startplaz | Vandenberg AFB |
| Drorakéit | Delta |
| Status | verglitt |
EXOSAT (European X-Ray Observatory Satellite) war den éischten Röntgen-Observatoire vun der europäescher Raumfaartagentur ESA. Haaptoptrag krut déi däitsch Firma Messerschmitt-Bölkow-Blohm (MBB).
EXOSAT sollt als éischte Wëssenschaftssatellit mat der deemools neier europäescher Rakéit Ariane 1 gestart ginn. Gestart ass si dann de 26. Mee 1983 awer mat enger Delta-3914-Rakéit vun der Raumfaartgare Vandenberg an den USA an eng héichexzentresch Äerdëmlafbunn tëschent 347 km an 191.709 km Héicht an 72,5° Equatorschréiegt. D'Ëmlafzäit war 90,6 Stonnen. EXOSAT war bis zum Ausfall vun der Lagereegelung den 9. Abrëll 1986 a Betrib a war de 6. Mee 1986 nees an d'Äerdatmosphär agetrueden.
EXOSAT hat dräi gläich ausgeriichte Instrumenter fir d'Energieberäicher 0,05–2,5 keV, 2–20 keV an 1–50 keV. Duerch déi besonnesch Ëmlafbunn ware laang, onënnerbrachen Observatiounen vu verännerlechen Objete méiglech. Bedeckungen vu Röntgenquellen duerch den Äerdmound goufen genotzt, fir dës méi genee ze lokaliséieren an hir Struktur besser wéi an der Teleskopopléisung bestëmmen ze kënnen.
EXOSAT hat quasiperiodesch Hellegkeetsschwankungen an Röntgenduebelstäre entdeckt an am ganzen 1.780 Observatiounen vu Röntgenquellen, wéi aktiv galaktesch Käre, d'Coronae vu Stäre, weiss Zwerge, verännerlech Stäre, Galaxiekéip a Supernovaiwwerreschten gemaach.
Um Spaweck [änneren]
- (en) ESA: EXOSAT
- (en) NASA: EXOSAT
- Web Achive: PDF (64 kB) PDF vun der ESA iwwer EXOSAT (189 kB)
Kuckt och [änneren]
|
|
||
|
COS-B (1975) • GEOS 1 a GEOS 2 (1977, 1978) • Meteosat (1977–1997) • IUE (1978) • EXOSAT (1983) • Giotto (1985) • Olympus (1989) • Hipparcos (1989) • Hubble (1990) • Ulysses (1990) • ERS 1 an ERS 2 (1991, 1995) • EURECA (1992) • ISO (1995) • SOHO (1995) • Huygens (1997) • XMM-Newton (1999) • Cluster (2000) • Artemis (2001) • Proba (2001) • Envisat (2002) • MSG 1 an MSG 2 (2002, 2005) • Integral (2002) • Mars Express (2003) • SMART-1 (2003) • Double Star (2003) • Rosetta (2004) • SSETI Express (2005) • CryoSat (2005) • Venus Express (2005) • Galileo (2005–2008) • ASTRO-F (2006) • METOP-A (2006) • CoRoT (2006) • GOCE (2007) • SMOS (2007) • Herschel (2008) • Planck (2008) • ADM-Aeolus (2008) • HYLAS (2008) • LISA Pathfinder (2009) • CryoSat-2 (2009) • SWARM (2010) • Gaia (2011) • ExoMars (2013) • BepiColombo (2013) • JWST (2013) • LISA (2015) • Darwin (2015) • Solar Orbiter (2015) • Mars Sample Return (fréistens 2016) |
||
</noinclude>