Aktive galaktesche Kär

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Déi aktiv Galaxis M87 mat Jet

Ënnert der Klass vun den aktive galaktesche Kären (AGK; englesch: active galactic nuclei, AGN) gi bestëmmten astrophysikalesch Evenementer wéi Quasaren, Radiogalaxien, Seyfert-Galaxien, LINER Galaxien a BL Lacertae-Objeten zesummegefaasst.

Déi dräi wichtegst Eegeschafte vun den aktive galaktesche Käre sinn:

  1. Déi aktiv galaktesch Käre sinn op Fotoe punktfërmeg. Op Biller sinn dës Objete ufanks kaum (oder guer net) vu Stären ze ënnerscheeden. D'Spektren vun dësen Objeten weisen awer, datt et sech net ëm Stären handelt. Duerch Multiwellelängten-Analysen ass een der richteger Natur vun dësen Objeten op d'Spur komm.
  2. D'AGNs gehéieren zu de liichtkräftegsten Objeten am Universum a sinn dofir och op grouss Distanzen nach gutt ze erkennen.
  3. D'Gebitt, dat d'Stralung vun engem AGN fortschéckt, ass ongeféier esou grouss wéi eist Sonnesystem.

En AGN besteet an der Kärregioun aus engem supermasseräichen Schwaarze Lach, ëm dat sech eng Akkretiounsscheif formt. Senkrecht zum Niveau zu dëser Akkretiounsscheif formt sech e gebëndelten Jet ab (Längt bis zu Megaparsec). Iwwert der Akkretiounsscheif ass déi sougenannt Broad-Line-Regioun (BLR), d. h. eng Regioun, an där sech staark ioniséiert Wolleken mat héije Vitessen (ronn 1000 bis 10.000 km/s) bewegen, wat sech am observéierten Spektrum vun der Quell duerch staark verbreete Linne bemierkbar mécht. Oft ass dës Kärregioun nach vun engem Stëbstorus ëmginn. Weider baussenzeg befënnt sech d'Narrow-Line-Regioun (NLR), an där sech, ähnlech zu der BLR, Wolleken befannen, déi sech awer méi lues bewegen (ongeféier 100 km/s). Dofir sinn dës Emissiounslinnen am Spektrum manner staark verbreet. Dëse Standardmodell vun der AGN gouf 1995 vum Urry an dem Padovani publizéiert.

Wat fir een AGN-Typ een elo observéiert, hänkt (a) vum Wénkel tëschent Observateur an der Achs vum Jet of, (b) wéi vill Mass dat Schwaarzt Lach huet an (c) wéi vill Mass dat Schwaarzt Lach akkretéiert.
Bei den héichenergetesche Blazare geet ee vu wéinege Grad Ofwäichung vum Bléckwénkel vun der Rotatiounsachs aus, et gesäit een also direkt op de Jet. Bei aneren Objeten (z. B. Seyfertgalaxien) dogéint gesäit ee kee charakteristescht Signal vun der Akkretiounsscheif a keng staark verbreeten Emissiounslinnen, well een do am 90°-Wénkel zu der Jetachs op den Objet gesäit an domat der Stëbstorus d'Siicht op déi bannenzeg Regioun vum AGN verdeckt.

Den aktive Kär vum M51

D'Jets bestinn aus enger Matière, déi d'Kärregioun ongeféier mat Liichtvitesse ausstéisst. Wahrscheinlech gëtt de Jet intensivéiert, andeem Magnéitfeldlinnen duerch Frame-Dragging an der Ergosphär vum Schwaarze Lach "opgewéckelt" ginn a no de Gesetzer vun der Magnéitohydrodynamik e ganz héijen magneteschen Drock entsteet, deen d'Material erausdréckt. Déi spiralfërmeg Magnéitfeldlinne suergen dann och fir d'Bëndelung vum Stral. An dëse Jets bewege sech Plasmoiden, sougenannt Blobs, vun deenen eng staark, an haart Stralung ausgeet. Sou Ausbréch spille sech meeschtens op Zäitskale vun Deeg of.
Ee vun den intensivsten Ausbréch, dee vum Gamma-Teleskop EGRET bei engem Blazar observéiert gouf, hat eng Intensitéitsverduebelung bannent wéinege Stonne gewisen. Aktiv Phasen sinn bei AGN an Zäiträim vu Wochen a Méint ze observéieren, während déi roueg Phasen méi laang unhalen.

Souwuel d'AGN wéi och hir Akkretiounsscheiwen, Jets an Tori sinn Géigestand vun haiteger Fuerschung.

Observatiounen um Pierre-Auger-Observatoire identifizéierten AGN als méiglech Quell vum héichstenergeteschen Deel vun der Kosmescher Stralung.

Inhaltsverzeechnes

Distanzmiessung [änneren]

Kosmologen ëm den Darach Watson vun der Universitéit Kopenhagen hunn eng Method entwéckelt, mat Hëllef vun AGNs kosmesch Distanzen ze bestëmmen.[1][2] D'Method baséiert um Zesummenhank tëschent der absoluter Hellegkeet vu Galaxiëkären an hirer Hellegkeet, wéi si vun der Äerd aus erschéngt.

Fällt Matière an dat zentralt Schwaarzt Lach vun der Galaxis, erhëtzt si sech staark op a gëtt als Folleg davoovun energieräich Stralung of. Duerch déi ginn ugrenzend Gaswolleken ioniséiert an zum Liichten ugereegt. Eng hell Zentralregioun ëm dat Schwaarzt Lach féiert zu déiwerer Ionisatioun vun den umgiewende Gaswolleken an domat och zu engem ausgedeenteren Beräich, an deem Gaswolleken liichten. Verännerungen an der Hellegkeet vun der Zentralregioun weisen sech mat Réckstand och an der Hellegkeet vun ugrenzende Gaswolleken. Doriwwer goufen elo fir 38 AGN d'Gréisst vun de liichtende Gaswolleken an uschléissend déi absolut Hellegkeete vun den AGNe selwer bestëmmt. Op déi Manéier loosse sech Distanze bis zu enger Routverrécklung vu 4 bestëmmen.

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Literatur [änneren]

  • Volker Beckmann & Chris R. Shrader: Active Galactic Nuclei. Wiley-VCH, 2012.
  • Donald E. Osterbrock: Astrophysics of Gaseous Nebulae and Active Galactic Nuclei. Palgrave Macmillan, 2005.
  • Julian H. Krolik: Active Galactic Nuclei: From the Central Black Hole to the Galactic Environment. Princeton University Press, 1998.
  • Bradley M. Peterson: An Introduction to Active Galactic Nuclei. Cambridge University Press, 1997.

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Referenzen [änneren]

  1. Aktive galaktische Kerne helfen Entfernungen zu bestimmen. In: Spektrum der Wissenschaft, November 2011. Spektrum der Wissenschaft Verlagsgesellschaft mbH, Heidelberg. ISSN 0170-2971
  2. D. Watson, K. D. Denney, M. Vestergaard, T. M. Davis: A new cosmological distance measure using AGN. 21. September 2011. de.arxiv.org/abs/1109.4632v1 (astro-ph.CO)